19.01.2023 |
19:30
Fräien Entrée
Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Kulturhaus
Den Edmond Hansen huet wärend méi wéi 40 Joer als professionelle Fotograf zu Miersch an Ëmgéigend, mee och soss uechtert d'Land geschafft. Hien huet och keng Méi gescheit, sech mat senger schwéierer Apparatur ze deplacéieren, fir egal wouhin an egal bei wat fir engem Wieder all méiglech Geleeënheeten am Bild festzehalen.
Am Mäerz 1903 huet den Hansen op der Reckener Barrière eng vun deene bekanntsten a populäerste Juegdfotoe vu Lëtzebuerg gemaach. Dëst Bild hänkt haut nach an enger oder anerer Juegdstuff. Mee iwwert déi séier interessant Juegdgesellschaft eraus, weess dës Foto awer nach vill méi ze erzielen.
Mam Edmond Hansen senge Fotoe kréie mir ee wäertvollen Abléck an dat deeglecht Liewen tëschent 1900 a 1940. Hien huet ons ee wäertvolle Patrimoine hannerlooss.
Presentatioun Jeng Sinner