E Mann spadséiert iwwert e Pad op eng roueg Plaz an der Natur, wou hie meditéiert. An dësem Sanktum befaasst hie sech mat ville Froen a mat all de Pläng, déi geplatzt sinn, sou och de grousse Roadtrip mat sengem Léifsten, dee wäit fort ass a net heemkann.
Vun enger Léift, déi een nëmme nach schwéier kann deelen, iwwert déi stëll Momenter, an deenen ee just op sech selwer lauschtert an ufänkt, seng Ëmwelt anescht wouer ze huelen, bis zu deem Moment, wou d’Dir um Flughafen op geet an hie säi Léifste rëm an den Aarm kann huelen.
Erop befaasst sech mat engem Spriecher, dee seng Ëmwelt a sech selwer op eemol anescht oder nei wouer hëlt.
Erop beschreift e Waarden op e Liewe voller Léift a mat der Sich no enger Zäit, déi kee virdefinéiert Enn huet. Huet et nach e Wäert, ze plangen oder sech op Leit anzeloossen?
„(Aber auch) so berührt dieser Text und lässt sicher persönliche Gefühlslagen der Krise unter den Zuschauern hinterfragen. Ein wunderbarer, starker Abend.“ Daniel Conrad, Luxemburger Wort.
-
Liest den Interview vum Sarah Rock mam Romain Butti hei.
Mam Raoul Schlechter Mise en scène Fábio Godinho Scènographie Marco Godinho Luucht Antoine Colla Musek Nigji Sanges Créatioun am Théâtre du Centaure Koproduktioun Mierscher Kulturhaus, Kulturhaus Niederanven