Event

Sonndes Brunch *ANNULEIERT*


 
Brunch 15x10

10.11.2019 - 05.07.2020

Family Brunch fir Kanner & Elteren
19.01.2020 | 11:00 - 14:00

Farmer Brunch
10.11.2019 | 11:00 - 14:00

Summer Brunch
05.07.2020 | 11:00 - 14:00

Theater Brunch
10.05.2020 | 11:00 - 14:00

Erwuessener 30.0 €
Kanner 15.0 €

 

Léiwer Séisses oder Saueres, eng Klengegkeet fir den éischten Honger oder léiwer e gehäerzte Maufel, dee bäihält? Fir Iessen an Drénken ass gesuergt!

An der Saison 2019/2020 proposéiert d’Mierscher Kulturhaus 4 Sonndeger bei deenen Dir Kulinaresches mat Kulturellem kënnt verbannen. Genéisst vun 11 Auer un Konferenzen, Gespréicher, Liesungen, Filmvirféierungen, Concerten oder soss Manifestatioune ronderëm en appetitleche Buffet.

Kee Brunch ass wéi deen aneren!

Farmer Brunch

So 10.11.19 | ab 11:00 | ab 12:00 Virféirung mat uschléissender Konferenz an Diskussioun
Fir d’Ausstellung Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt (07.11. - 01.12.19 ) kënnt eppes gehäerztes op den Dësch. Mir weisen der Julie Schroell hiren Dokumentaire „De Bauereblues“ (2011). D’Colette Kutten schwätzt iwwer d’Entwécklung vun den Haushaltungsschoulen, wou „für Heim und Herd“ geléiert gouf. Ënnert dem Motto Living Library héiere mer Bauerefraen, déi verzielen, wéi sech hir Roll am Betrib, an deene leschte Joerzengte verännert huet.

Family Brunch fir Kanner & Elteren

So 19.01.20 | ab 11:00 | ab 12:00 Concert Living Room Music
Dir hat eng stresseg Woch? Dann hu mir e besonnescht Erliefnes fir Iech: e Concert am Leien, fir ze chillen an ze dreemen. D’Kichen doheem bleift kal, well am Mierscher Kulturhaus erwaart Iech e liichten awer raffinéierte Buffet. Kanner si wëllkomm! Während d’Elteren, d’Boma an de Bopa am grousse Sall op hirer Kuscheldecken nei Energie tanken, ënnerhale mir déi Kleng mat Liesunge wéi aus dem Billerbuch.

Theater Brunch *** ANNULEIERT ***

So 10.05.20 | ab 11:00 | ab 12:00 Liesung mat uschléissender Diskussioun
Haut dréint sech alles ëm den Theater zu Lëtzebuerg! Um Menu: onbekannt Texter a Stécker, déi hire Wee op d’Bühn sichen. Pionéier vun der Theaterzeen zielen als Living Library iwwer d’Ufäng vun der Professionaliséierung. Wou steet dës Entwécklung haut? Doriwwer weess déi jonk Generatioun méi ze soen. Genéisst en theatralesche Brunch, bei deem villes „gliddeg aus der Pan“ kënnt!

Summer Brunch *** ANNULEIERT ***

So 05.07.20 | ab 11:00 Picknick am Gréngs
Zäit fir jonkt Geméis ze plécken! Am Kader vum Schwéierpunkt Wuesstem huet d’Kulturhaus kleng Parzellen uechter Miersch opgeriicht, an deenen apaart Geméis a Blumme geplanzt goufen. Dës komme lo op den Dësch, oder besser gesot op d’Decken, well et geet eraus an de Parc „picknicken“. Wéi déi musikalesch a literaresch Récolte ausfält, do musst der Iech gedëllegen. Dës dréit réischt am Summer 2020 hir Friichten!

Well d’Plaze limitéiert sinn, reservéiert w.e.g. am viraus :
T. : 26 32 43 1
M. : admin@kulturhaus.lu

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu