Theaterdeeg

Diskussiounen

De Wee vum Text & Text an Zäit

 

De Wee zum Text
08.05.2021 | 15:30 - 17:00

Text an Zäit
09.05.2021 | 15:30 - 17:00


Fräien Entrée

Reservatioun ass obligatoresch
iwwer Mail : admin@kulturhaus.lu
oder iwwer T. 26 32 43-1

 
SAMSCHDEG 8.5.
15:30 Diskussioun De Wee vum Text
Begleedung a Beaarbechtung vun engem Theaterstéck : Wéi ass de Wee a wouhi féieren d’Ëmweeër vum geschriwwenen Text bis op d’Bün? Ab wéi engem Moment gëtt d’Auteurin/den Auteur den Text of? Wéi wäit kann eng Regisseurin/e Regisseur an den Text agräifen? Mat ë.a. Olivier Garofalo, Frank Hoffmann, Jean-Paul Maes, Elise Schmit.
Moderatioun Marc Rettel

SONNDEG 9.5.
15:30 Diskussioun Text an Zäit. Wéi eng Sujeten a Formen fuerdert eis Aktualitéit?
D’Diskussioun geet dorop an, wéi eng Forme vu Schreiwen am zäitgenësseschen Theater vun de leschte Joren opkomm sinn a wéi Theaterformater op eng Aktualitéit reagéieren. Mat ë.a. Rafael David Kohn, Anne Simon, Ian de Toffoli, Claire Wagener.
Moderatioun Marc Rettel

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu