Event

Farmer Brunch

Brunch a Film Virféirung mat uschléissender Konferenz an Diskussioun

 
© Thomas Gamstaetter

10.11.2019 | 11:00

Erwuessener 30.0 €
Kanner 15.0 €

 
Fir d’Ausstellung Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt (07.11. - 01.12.19 ) kënnt eppes gehäerztes op den Dësch. Mir weisen der Julie Schroell hiren Dokumentaire „De Bauereblues“ (2011). D’Colette Kutten schwätzt iwwer d’Entwécklung vun den Haushaltungsschoulen, wou „für Heim und Herd“ geléiert gouf. Ënnert dem Motto Living Library héiere mer Bauerefraen, déi verzielen, wéi sech hir Roll am Betrib, an deene leschte Joerzengte verännert huet.

Oflaaf
11:00 Mir erwarden Iech am Foyer fir den Apéro an en gehäerzte Brunch
11:30 D'Colette Kutten schwätzt iwwer d'Roll vun de Bauerefraen am 20. Joerhonnert, an iwwer d’Entwécklung vun den Haushaltungsschoulen.
12:15 Ënnert dem Motto Living Library verzielen eis Bauerefraen, wéi sech hir Roll am Betrib an deene leschte Joerzengte verännert huet.
13:00 Mir weisen der Julie Schroell hiren Dokumentaire „De Bauereblues“ (2011).
13:45 No engem Kaffi schléissen mir eisen Brunch of um 14:00 Auer
 

d'Ausstellung Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt ass op ab 11:00.

-

Léiwer Séisses oder Saueres, eng Klengegkeet fir den éischten Honger oder léiwer e gehäerzte Maufel, dee bäihält? Fir Iessen an Drénken ass gesuergt! An der Saison 2019/2020 proposéiert d’Mierscher Kulturhaus 4 Sonndeger bei deenen Dir Kulinaresches mat Kulturellem kënnt verbannen. Genéisst vun 11 Auer un Konferenzen, Gespréicher, Liesungen, Filmvirféierungen, Concerten oder soss Manifestatioune ronderëm en appetitleche Buffet.

Kee Brunch ass wéi deen aneren! Klickt hei fir se all op ee Bléck ze gesinn.

-

Mat der Ënnerstëtzung vun
LOGOS ALL & LEADER
 

Well d’Plaze limitéiert sinn, reservéiert w.e.g. am viraus :
T. : 26 32 43 1
M. : admin@kulturhaus.lu
(Bezuelung op der Plaz den Dag selwer)

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu