Afrika. Dat ass ee risegen a virun allem ee villfältege Kontinent – voller ënnerschiddleche Mënschen, Kulturen an Traditiounen. Een Element wat se all matenee verbënnt, ass d’Musek.
De Jugendensembel an d’Mierscher Musek, zesumme mat hire jeeweilegen Dirigenten, entféieren iech op den afrikanesche Kontinent mat all sengen Naturschéinheeten a senge wëllen Déieren, mat senger Musek, senge Rhythmen a senge Kläng, sengen Dänz a Gesäng. Bekannt ass dës Musek och duerch hire villfältegen Asaz vu Perkussiounsinstrumenter, déi sécherlech och um Galaconcert zur Geltung komme wäerten. D’Matrix vun dëse Komponenten huet d’ganz Welt eruewert a fënnt sech hautdesdaags an all méigleche Museksstiler erëm.
Mierscher Musek
Direktioun Maurizio Spiridigliozzi
Jugendensembel vun der Mierscher Musek
Direktioun Ben Brosius