Concert

Galaconcert *ANNULEIERT*

Mierscher Musek a Jugendensembel
Dirigent Maurizio Spiridigliozzi / Ben Brosius

 
Galaconcert Mierscher Musek
© Mierscher Musek

16.05.2020 | 20:00

Eintritt frei

 
De Gala Concert ass den Haaptevent vun der Mierscher Musek. Iwwer Méint bereede sech eng 80 Musikante mat hirem Dirigent während ville Prouwen a Regësterprouwen op dëse spezielle Concert vir.

Éier de groussen Orchester säin Optrëtt huet, huelen als éischt eis jonk Museksschüler a Musikanten op der Bühn Plaz. Dëse Jugendensembel beweist säi Kënnen ënnert der Leedung vum Sous-Chef Ben Brosius. Hei sammelen déi Jonk hir éischt Erfahrungen, wéi et ass an engem Orchester ze spillen a viru groussem Publikum opzetrieden.

Am 1. Deel spillt d’Mierscher Musek ee méi ambitiéise Programm mat Originalstécker fir Blosorchester, Transkriptioune vu klassescher Musek an Ouverturen. Am 2. Deel gëtt et da méi schmasseg mat bekannte Pop- a Rockmelodien. Fir de Galaconcert nach méi ze valoriséieren, gëtt d’Mierscher Musek vun all méigleche Soliste begleet. Beim leschte Concert waren dat d’Vania Lecuit op der Gei an de Sänger Ricardo Vieira. Dacks kritt och ee Musikant aus den eegene Reien d’Chance fir sech bei engem Solo Stéck ze beweisen.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu