Concert

Gloria

Cojellico's Jangen,
Mat de Jangen an den Advent

 
Cojellicos Jangen
© Marlene Soares

01.12.2019 | 17:00 | Tickets
www.luxembourgticket.lu


Ticket 24.0 €
RBS 18.0 €
Schüler / Student 10.0 €
Kulturpass 1.0 €

 
D’Jangen sangen an hirem fuschneie Wanterprogramm ëmmer nach iwwer Dammesuergen a Männersuergen? Am Virprogramm vun der grousser hell’ger Nuecht geet et ëm d’Maria, d’Engelen an d’Gloria. Et geet ëm den Iesel, deen d’Maria muss schleefen an de Jousef, dee sech freet, vu wiem d’Këndchen dann elo eigentlech ass. Och laacht den Owi virun der Krëppchen net iwwert de Stier, deen aus dem Himmelssall gefall ass.

Am Mëttelpunkt steet awer d’Geschicht vum Jesuskëndchen, dat déi schwéier Aufgab opgeluede kritt, Erléisung a Fridden op d’Welt ze bréngen.

Programm

D’Jangen sange besënnlech, harmonie bedürfteg, heiansdo mat engem klengen Aen zoupëtzen. Nieft bekannte Chrëschtlidder wéi Am Uewe potert d’Feier oder Aus dem Himmelssall presentéiert de Lëtzebuerger Gejangssextett nieft e puer Gedichter an Neikompositioune wéi De froue Béifchen Owi och manner bekannte Lidder wéi Léiwen hell’gen Zinnekleeschen an neien Arrangementer fir 5 Männerstëmmen a Piano.

ABO


Et sangen a spillen : Tenéier
Raymond Majerus, Arend Herold, Georges Urwald, Bäss Carlo Migy, Jean-Marie Kieffer, Piano Christophe Nanquette, Arrangementer / Kompositiounen Jean-Marie Kieffer, Georges Urwald
Concert organiséiert an Zesummenaarbecht mat der Mierscher Kulturkommissioun


Logo.100,7

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu