Concert

Jugendensembel Mierscher Musek


 
© Mierscher Musek

13.09.2020 - 17.01.2021

Auditioun
17.01.2021 | 17:00

Jugendstageconcert
13.09.2020 | 18:00


Fräien Entrée

 

Zu Miersch gouf nach ëmmer vill Wäert op d’Jugend geluecht an dat nët säit gëschter. D’Fundament gouf 1991 geschaf wou d’Mierscher Musek mat der Organisatioun vun der Museksschoul beoptraagt gouf. Mat der Schafung vum Jugendensembel am Joer 2017 kann d’Jugend nach éischter un d’Musek gebonne ginn. De Ben Brosius, Militärmuseker a Sous-Chef vun der Mierscher Musek, huet d’Leedung vun den 24 Jugendlechen, déi um Gala wéi och um Wanterconcert d’Geleeënheet kréien sech ze beweisen.

Jugendstageconcert

Wat mecht eis musikalesch Jugend, wann si Ufanks September fir fënnef Deeg an e Chalet verschwënnt ? Richteg: ganz vill prouwen! Hei machen déi nei Musikante hier éischt Schrëtt an engem méi klenge Grupp ier se eng Woch méi spéit am groussen Orchester vun der Mierscher Musek Plaz huelen. D’Resultat vun deene ville fläissege Stonne kënnt Dir um Ofschlossconcert vum Jugendstage vun der Mierscher Musek lauschteren. Geleet gëtt dëse jonken Orchester vum Sous-Chef vun der Mierscher Musek, dem Ben Brosius.

Auditioun

Fir hiert Kënnen ënner Beweis ze stellen, trieden eng 120 Schüler eleng, am Ensembel oder Schülerorchester op, begleet vun deenen 19 Museksproffen, déi an der Museksschoul zu Miersch ënnerriichten. Vu kleng bis grouss, vum Holz bis zum Blech, vun Taste bis zu Säiten gëtt de Spectateuren alles gebueden. Et ass eng verkéiert Welt, wann déi Kleng ouni Angscht am Kulturhaus déi éischte Kéier viru groussem Public optrieden an deene Groussen uerdentlech de Wapp geet ier si op d’Bühn ginn.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu