Spektakel

King Tel Mo Rei *ANNULEIERT*

Roland Meyer

 
© Réservéiert Rechter

11.03.2021 | 20:00
12.03.2021 | 20:00

Schoulvirstellung
12.03.2021 | 10:00

Ticket 24.0 €
Reduziert 10.0 €
Kulturpass 1.5 €

Réservéierung Schoulvirstellung
T: 26 32 43 1
M: scolaires@kulturhaus.lu

 
Leider muss de Spektakel annuléiert ginn.
De Remboursement vu scho kaaften Ticket'en gëtt iwwert Luxembourgticket ( T. 47 08 95 1 ) gemaach.
Merci fir Äert Versteesdemech.


-
Elo geet et fir den Telmo em alles! Mir erënneren eis, den Telmo ass de Jong, dien als Schoulbouf scho wéinst sengem Verhalen a senger Brutalitéit opgefall war. Hien huet den Elteren hiert Appartement a Brand gestach, hien huet seng Matschüler erpresst an hien huet de Rafael ënnert ee Bus gestouss, esou datt die queeschschnëttsgeläämt ass.

Den Telmo ass elo véier Joer méi al an hie sëtzt am Jugendprisong. Hien huet mat Droge gedealt an ee vu senge Clienten ass gestuerwen. Fir seng Mamm, fir seng Betreier, fir d’Police an d’Justice a schlussendlech fir eis all stellt sech d’Fro, wéi mat esou jonke Leit ëmgoen. Kann een se nach erzéien oder muss een se schonn aspären?

Wéi den Telmo ee Bouf vun e puer Joer war, ass säi Papp zréck a Portugal gaangen an en huet d’Famill op engem Scholdebierg sëtze gelooss. Den Telmo huet weder richteg Portugisesch nach Lëtzebuergesch schwätze geléiert. Datt hie schonn als Kand als sougenannte Systemsprenger an engem Foyer geland ass, verwonnert net!

An et gëtt dier Jugendlecher ëmmer méi, d’Gewalt hëlt zou, d’Schoulen an d’sozial Servicer sinn iwwerfuerdert, d’Police kann dacks just nach nokucken a leeft hannendrun. Präventioun funktionéiert kaum a gëtt zur Farce.

KREATIOUN

Text
Roland Meyer Regie a Bün Claude Mangen Dramaturgie Odile Simon Musek a Besetzung N.N. Produktioun Mierscher Kulturhaus, Cube 521

2017 krut de Roland Meyer fir säi Jugendbuch Tel Mo de Lëtzebuerger Buchpräis. Elo kënnt d’Fortsetzung als brandaktuellt Theaterstéck.

MKH_LABELS_CULTURE UP_20-21

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu