Ausstellung

20 Joer RMVA

Instrumenter fir Unzepaken

 

18.03.2021 - 28.03.2021

jeden Tag: 14:00 - 17:00

Eintritt frei

 
D'RMVA: Rencontres Musicales de la Vallée de l'Alzette feiert seng 20 Joer. Wann e Mënsch säi Gebuertsdag feiert, dann ass dat en aussergewéinlechen Dag. Mee wann eng ASBL e ronne Gebuertsdag feiert, da versicht se eppes Aussergewéinleches unzebidden.


20 Joer RMVA
Am Joer 2001 hate sech e puer Fräiwëlleger zesumme fonnt fir am Uelzechtdall en Zyklus mat Concerten op d’Been ze stellen. Déi 1. Editioun war am Hierscht 2002 an der Kierch zu Lëntgen. Mee schonn 1 Joer méi spéit gouf et 6 Concerten am Uelzechtdall an zwar zu Colmer-Bierg, Lëntgen, Luerenzweiler, Miersch, Steesel a Walfer well déi deemoleg Gemengeverantwortlech vum Konzept iwwerzeegt waren. Wärend déi éischt Ensembelen déi invitéiert goufen haaptsächlech aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun komm sinn, huet sech dat lues a lues geännert. Iergendwann huet den RMVA sëch dann och d’Fro gestallt op se sëch net sollten fir eng Richtung decidéieren an et esou komm et zu engem Festival mat ausschliisslech aler Musek. Zanter méi wéi engem Joerzéngt invitéiert den RMVA ëmmer erëm déi bescht Ensembelen aus der ganzer Welt esou dass genee esou gutt europäesch, wéi och südamerikanesch oder kanadesch Invitéen do waren.
Fotoen an Dokumenter déi déi spannend Momenter illustréiren sinn am Grousse Sall ausgestallt.

Instrumenter fir Unzepaken
Mat enger interessanter Ausstellung iwwer al Museksinstrumenter um 1. Stack wëllt den RMVA virwëtzeg maachen. D'Ausstellung weist wéi bei enger Päifenuergel en Toun entsteet oder wéi den Cembalo vu bannen ausgesäit. Wat sinn d’Ënnerscheeder vun de Virgänger zu den haitege Blosinstrumenter?

Op veschidden Deeg kënnt Dir och Instrumentenhiersteller iwwer d’Schëller kucken.

Programm
18.03.2021 | 18:30 Vernissage (d'Konferenz iwert Barock Musek um 19:30 mam Pierre Cao misst leider ofgesot ginn)
20.03.2021 | 14:00 Visite Guidée & Atelier Clavecin mam Frank Daro
21.03.2021 | 14:30 Visite Guidée & Atelier Luth mam Didac Zerrouk
27.03.2021 | 14:00 Visite Guidée
28.03.2021 | 10:30 Visite Guidée

Visites Guidéen, Vernissage a Konferenz op Umeldung um Mail: admin@kulturhaus.lu oder Tel.: 26 32 43 1

RMVA 2021

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu