Anne-Catherine, Dir sidd als Musekerin an Managerin vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg (ONJ) e regelméissege Gaascht am Mierscher Kulturhaus.
Kënnt Dir iech kuerz virstellen an eis äre Beruff méi no bréngen?
Ech hu virun engem Joer meng Studien als Geiistin ofgeschloss. Wärend deene Studien ass et mir ëmmer méi kloer ginn, dass ech am Fong léiwer hannert der Bün aktiv sinn. Elo hunn ech déi grouss Chance, dass ech gréisstendeels an der Produktioun schaffe kann, nämlech beim ONJ a bei United Instruments of Lucilin. Donieft spillen ech heiansdo och nach Concerten als Geiistin.
Wat genau ass / mécht den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg?
Den ONJ bréngt zweemol d’Joer eng Grupp vu 40-50 jonke Museker.innen zesummen, bestoend aus Schüler.inne, Student.innen a jonke Professionellen. Wärend esou enger Projetswoch entsteet en immens wäertvollen Austausch tëscht deene jonke Museker.innen. Si hunn intensiv Prouwen, Coachings, Workshops, a natierlech och vill convivial Momenter. An eiser éischter Saison hate mir insgesamt 111 Museker.innen mat 29 verschiddene Nationalitéiten, tëscht dem Alter vun 15 an 30 Joer. Déi immens Motivatioun an Energie déi jidderee matbréngt, mécht all eenzelne Projet ëmmer erëm onvergiesslech.
Wat bedeit et fir Iech, de nationale Jugendorchester ONJ ze leeden?
Et ass engersäits eng grouss Responsabilitéit, déi ech och duerchaus spieren, an anerersäits eng enorm Chance! Ech maachen dat an enker Zesummenaarbecht mam Pit Brosius (eisen
artisteschen Direkter) an dem Rescht vum Comité vum ONJ. Dee speziellste Moment fir mech ass, mengen ech, wann déi jonk Museker.inne fir d’éischte Kéier vun engem Projet
zesumme kommen an déi éischt Noute vun der éischter Prouf falen.
Zanter senger Grënnung 2021 huet den ONJ säi Siège social am Mierscher Kulturhaus. Dir spillt och all är Concerten hei am Haus. Wat bréngt et engem jonken Orchester, en institutionelle Partner ewéi d’Mierscher Kulturhaus ze hunn?
En Orchester ewéi den ONJ ka just funktionéieren an engem adaptéierte Kader, a beim Mierscher Kulturhaus hu mir déi grouss Chance, dass mir wärend eise Projetswochen quasi dat ganzt Haus zur Verfügung hunn. An net just dat, jiddereen ass ëmmer immens hëllefsbereet, an op all Fro gëtt et ëmmer eng Äntwert. Dësem professionelle Kader ass et ze verdanken, dass mir de Schrëtt vum nationale Jugendorchester iwwerhaapt huele konnten.
Den ONJ gëtt net just Concerten, mee mécht mat Les Lundis de l’ONJ eng wäertvoll Opklärungsaarbecht. Firwat ass dat Iech wichteg?
Klassesch Concerten kënnen heiansdo e bëssen aschüchterend sinn, an et gëtt oft gemengt, dass een „eppes dovu verstoe muss“. Mir fannen, dass dat prinzipiell net richteg ass – et muss ee kee Museksexpert sinn, fir klassesch Musek genéissen ze kennen. Wat mer awer maache wëllen, ass eisem Publikum e puer kleng Unhaltspunkte ginn iwwert wéi si eng méi beräicherend Erfarung kënnen hunn: wourop kann ee lauschteren, wéi funktionéiert en Orchester iwwerhaapt, wat mécht den Dirigent, an esou weider.
Wat sinn d’Highlighte vun äre Concerten fir d’Saison 23/24?
Am Abrëll 2024 hu mir eng Kollaboratioun mat der Geiistin Antje Weithaas, op déi ech mech immens freeën. Am August 2024 läit de Fokus dann erëm ganz op deene jonke Museker.innen, mat zum Beispill der 1. Symphonie vum Prokofiev, an och engem Kammermuseksprogramm.