Interview

Cathy Heidt

D'Gei kënnt der Mënschestëmm am noosten
Interview: Sarah Rock, Dramaturgin

 
© Mierscher Kulturhaus_Jeanine Unsen

09.09.2020 - 01.07.2021

 
Cathy, Dir hutt mat sechs Joer ugefaange Gei ze spillen a se bestëmmt Äre Beruff an Är Passioun. Wisou ass grad d’Gei Äert Instrument?
Ech hunn d’Gei aus engem ganz pragmatesche Grond gewielt. Wéi ech als Kand mat menger Mamm an de Conservatoire gaange sinn fir mech unzemellen, war d’Gei dat eenzegt Instrument, wat ech direkt ufänke konnt. Zoufälleg stoung den Här Claude Jacoby grad am Sekretariat. No engem musikaleschen an rhythmeschen Test huet hie mech a seng Klass opgeholl. Haut sinn ech ganz frou, dass dat sou komm ass. Net nëmmen, well ech fannen, dass d‘Gei dat Instrument ass, wat enger Menschestëmm am noosten kënnt, mee och well den Här Jacoby mir an de ville Joren zu enger eegener Stëmm op der Gei verhollef huet.

Dir sidd Member beim European Union youth orchestra, waart déi éischt Gei bei Junge Philharmonie Brandenburg a beim Austria summer opera festival. Wéi wichteg ass et als jonk Musekerin op deem Niveau an ënnerschiddleche Formatiounen ze spillen?
De Kontakt mat Museker aus anere Länner huet mech immens vill geléiert. Virun allem am EUYO, wou ech houfreg sinn Lëtzebuerg ze vertrieden, prouwe jonk, talentéiert Instrumentalisten a weltbekannt Dirigenten an Dozenten wochelaang zesummen an gi Concerten op alle méigleche Plazen op der Welt. Dat huet mech gepräägt – mat an och vun aneren ze léieren, ass eng wichteg Erfarung. An ech wëll mech villsäiteg entwéckelen, souwuel am Orchester spillen wéi och an der Kammermusek oder solistesch optrieden. Als Geiistin huet ee natierlech déi grouss Chance an allen Domänen ee risege Repertoire ze hunn – sou bleift et ee Liewe laang spannend.

Zu Lëtzebuerg hu Dir scho mam OCL an OPL als Solistin gespillt an Dir sidd et elo och beim Neijooschconcert. Ass et Iech wichteg, Iech als Musekerin hei z’etabléieren?
Mir ass et natierlech wichteg mech als Musekerin zu Lëtzebuerg z’etabléieren! Sou gär ech d’Reesen mat der Musek och hunn, sou betruechten ech Lëtzebuerg als meng Heemecht, där ech gären eppes zeréckginn. Ech freeë mech ëmmer fir Concerten heem ze kommen an hoffe mech iwwert déi nächst Joren och weider etabléieren ze kënnen.

Ass et méi einfach sech zu Lëtzebuerg eng Karriär an der klassescher Musek opzebauen wéi am Ausland?
Dat ass schwéier ze soen, well ech jo nach am Ufank vun menger Karriär stinn. Et ass sécherlech anescht! Lëtzebuerg ass kleng, dofir ass déi klassesch Musekszeen net sou grouss oder bekannt wéi déi am Ausland. Anerersäits ass d’Konkurrenz méi kleng, wann een dat sou soe kann. Ech hunn déi lescht Joren zu Berlin gewunnt a geléiert. Dat ass jo eng vun den bedeitendsten Klassikzeenen an Europa. Et ass warscheinlech wéi iwwerall: wann ee sech bis ee Numm gemaach huet, da klappt et och gutt mat den Engagementer. Dozou gehéieren natierlech Kënnen, mee och déi richteg Kontakter a natierlech Gléck. Als Musekerin bleift et virun allem wichteg, breetgefächert a länneriwwergräifend ze schaffen.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu