Spektakel

De Bësch

Eng fiktiv a sënnlech Rees am richtege Bësch
Volleksbühn

 
Kullachart Sitjasech

08.10.2021 | 18:30 | Tickets
09.10.2021 | 18:30 | Tickets
10.10.2021 | 18:30 | Tickets
luxembourgticket.lu

Ticket 25.0 €
Student 12.0 €
Kulturpass 1.5 €

 
Der Volleksbühn hiren neie Projet De Bësch ass eng immersiv Outdoor Experienz, en Hybrid tëscht Nuetsrallye an Theaterstéck. D’Welt an déi mer andauchen ass labber inspiréiert vu Lord of the Flies an The Matrix a schéckt d’Zuschauer.innen op eng sënnlech a verspillte Rees, di grouss metaphysesch Themen, déi d’Mënschheet schonn ëmmer beschäftegt hunn an déi haut méi aktuell si ewéi jee, ze exploréieren: Wat ass Wourecht? A wéienger Realitéit wëlle mer liewen?

Gëtt et e fräie Wëllen oder ass Choix just eng Illusioun? En investigative Journalist entdeckt, dass d’Welt an där mir liewe just eng Illusioun ass. Hie bréngt et färdeg aus dësem Simulacrum ze flüchten a lant am Bësch – oder deem wat vun der richteger Welt nach iwwreg ass. Do trëfft hien op aner Leit, déi och, gewollt oder ongewollt, de Komfort vun hirer glécklecher Ignoranz verlooss hunn. Während Verschiddener probéiere vun der Situatioun ze profitéieren an anerer verzweiwelt versichen erëm „heem“ ze fannen, komme si dem Grond vun där virtueller Versklavung vun der Mënschheet op d’Spur a ginn dobäi mam Sënn vun hirer eegener Existenz konfrontéiert.

Am De Bësch ginn d’Zuschauer.innen Deel vun engem fiktive, mee taktille Mikrokosmos, dee si op eege Fauscht exploréiere kënnen. Si dauche voll an d’Welt vum Bësch an a gi, jidderee fir sech an a sengem Tempo, Spueren no, begéine Personnagen, déi se villäicht an e Geheimnis aweien, kënnen hir Entdeckunge mat aneren deelen a si mat deenen nämlechte Froe konfrontéiert, wéi d’Personnagen.

-
Des Veranstaltung fënnt am Bësch statt. E Bus bréngt Iech op d’Plaz a fiert um 18:30 beim Mierscher Kulturhaus fort. Mir bieden iech adequat Kleeder a Schong virzegesinn. De Spektakel ass méisproocheg. ( EN,DE,LU,FR ) an dauert insgesamt 3,5 Stonnen. Alter: Ab 15 Joer
-
Dëst ass e Covid-Check Event ouni d‘Méiglechkeet vun engem Schnelltest op der Plaz.

Iddi, Text & Regie Max Jacoby, Anne Simon Kënschtlerech Zesummenarbecht Jacques Schiltz Kostüm & Szenografie Agnes Hamvas Musek Plastiklova (Yu Oda, Laurent Warnier) Produktiounsleedung Karoline Maes Mam Denis Jousselin, Jil Devresse, Rosalie Maes, Dominik Raneburger, Konstantin Rommelfangen, Pitt Simon Koproduktioun Volleksbühn, Kinneksbond, Centre Culturel Mamer, CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck, KUFA Esch, Aalt Stadhaus, Differdange, Trifolion Echternach, Kulturhaus Niederanven, Prabbeli Wiltz, Artikuss Zolwer, Mierscher Kulturhaus Ënnerstëtzung Ministère de la Culture Luxembourg, Oeuvre de Secours Grande Duchesse Charlotte


CovidCheckLOGO

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu