09.06.2023 |
20:00
| Tickets
luxembourgticket.lu
Ticket 26.0 €
Student.in 13.0 €
Kulturpass 1.5 €
Eng Lidderrees a 4 Kapitelen duerch dem bekannten ‘Entertainer’ Pierre-Toussaint Stefani alias Litty (1872-1932) säi Liewen a seng Zäit.
De Litty (Pierre-Toussaint Stefani, 1872-1932) ass an der Zäit ronderëm den Éischte Weltkrich de wuel bekanntsten Ënnerhalungskënschtler zu Lëtzebuerg. Vill nei Lidder aus der Zäit (z.B. vum Poutty Stein) mécht hien duerch seng jovial an adrett Aart a Weis am ganze Land, bäi Jonk an Al, bekannt.
Dem Litty säi Liewen zitt sech duerch politesch a geschichtlech markant Ereegnisser zu a ronderëm Lëtzebuerg, déi och säi Wee ëmmer erëm beaflossen an nei ausriichten: Stolindustrie, Auswanderungen, Schoulflicht, Paul Eyschen, Kabaretszeen, éischte Meedercherslycée, Éischte Weltkrich, Fraewalrecht, 1920er Joren a Wirtschaftskris.
Biografesch Aspekter a geschichtlech Ereegnisser gi mat Hëllef vun originale Lëtzebuerger Lidder aus der Zäit an Neikompositioune fir Solo, Chouer an Orchesterche verdäitlecht.
Trio Flott
Litty Joe Del Toe, Bobby Jacqueline Bischofberger, Piano a Gesank Georges Urwald
Erzieler Marc Linden
Chouer vum Iechternacher Kolléisch
Direktioun Monique Schumann
Bobby Band
Akkordeon Tom Conrad Bassgei Romain Boden Perkussioun Guy Krier
Text a Musek Lëtzebuerger Lidder aus der Zäit, Jean-Marie Kieffer & Georges Urwald
Bléck vu baussen Milla Trausch