Concert

E ganz honorable Beruff

D'Koster-Schwësteren als Stommfilmmusekerinnen

 
© Archive Lou Koster CID Fraen an Gender

22.11.2020 | 17:00 | Tickets


Ticket 24.0 €
RBS 20.0 €
Schüler/Student 10.0 €
Kulturpass 1.5 €

 

Wéi Enn vum 19. Joerhonnert déi éischt Filmer ëffentlech gewise goufen, ass et e spezielle Beruff ginn: dee vun de StommfilmmusekerInnen. Och zu Lëtzebuerg hunn eng Rei Museker an de Kinoe gespillt. De Kino war eng Konschtform, déi och Leit, déi e bëssi manner am Portmonni haten, sech leeschte konnten. Fir Frae war et éischter seelen, de Beruff vun enger Stommfilmmusekerinn auszeüben. Mee d’Lou Koster, zesumme mat hire Schwëstere Lina a Laure, hu virum, am an nom éischte Weltkrich an alle wichtege Kinoen am Land lieweg Biller – wéi dat deemools genannt gouf – musikalesch ënnermoolt an domat hiert Brout verdéngt.

Bäi dësem Evenement gëtt de Public an d’Atmosphär vun engem Kino an den 20er Joere versat. Nieft Erklärungen zur Praxis an zum Beruffsalldag vun den dräi Stommfilmmusikerinnen ginn historesch Filmer aus dem Bestand vum CNA gewisen, déi live mat Pianosmusek vum Lou Koster ënnermoolt ginn.

Pianistin Jessica Chan
Realisatioun Anne Schiltz
Presentatioun Danielle Roster

CNA_bleu

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu