Spektakel

Eisen alldeegleche Weltënnergang

Kabaret Sténkdéier

 
Eisen alldeegleche Weltennergang - Kabaret Stenkdeier © Claude Sibenaler
Eisen alldeegleche Weltennergang - Kabaret Stenkdeier © Claude Sibenaler

10.11.2023 | 20:00 | Tickets
11.11.2023 | 20:00 | Tickets
12.11.2023 | 17:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Ticket 22.0 €
Student.in 11.0 €
Kulturpass 1.5 €

Nummeréiert Plazen

 
An eisen haarden Zäite geet d’Welt gefillt op d’mannst eemol den Dag ënner. Mat der Apokalypse virun eis sti mer moies op a no engem mäerdereschen Amoklaf duerch de Labyrinth vu Panik a Paranoia leeë mer eis owes an d’Bett a ... kënnen net aschlofen. An der Nuecht geeschtere mer wéi Zombien duerch d’Weltgeschicht.

Wéi solls de dobäi gesond a monter bleiwen, wéi sollen esou deng gutt Laun an deng Zouversiicht net op der Stréck bleiwen? Klima a Katastroph, Tornado an Tsunami, Krich a Krawall dreiwen dech an d’Äerm vu Psychologen, Astrologen an aner chronesch Pathologen oder eeben an d’Ofhängegkeet vun hippen Designerdrogen.

Mee elo gëtt et Hoffnung: eis héichmotivéiert a haarttrainéiert Spezialiste vum Kabaret Sténkdéier bréngen an hirem aktuelle Programm nees Rou a Geloossenheet an Ären Alldag. Si huelen Iech zeréck op de Buedem vun den Tatsaachen a loossen Iech duerch eng rasant Klengkonschttherapie voller Witz an Humor all Äre Misär ee fir alle Mol vergiessen. An dëst alles op Käschte vun der Allgemengheet, dem groussherzoglechen Haff an all deenen aneren Dichtegen a Wichtegen oder deenen, déi sech dofir halen!
 

Et spillen Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher, Irène Zeimes
Texter Roland Meyer
Musek Camille Nanquette
Regie Joe Heintzen
Assistenz Noémie Leer
 

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu