Spektakel

Erop

Theatre du Centaure, Mierscher Kulturhaus, Kulturhaus Niederanven
Geschriwwe vum Romain Butti

 
© Boshua

21.04.2022 | 20:00 | Tickets
22.04.2022 | 20:00 | Tickets
26.04.2022 | 20:00 | Tickets
27.04.2022 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Ticket 30.0 €
Schüler / Student 15.0 €
Kulturpass 1.5 €

 
E Mann spadséiert iwwert e Pad op eng roueg Plaz an der Natur, wou hie meditéiert. An dësem Sanktum befaasst hie sech mat  ville Froen a mat all de Pläng, déi geplatzt sinn, sou och de grousse Roadtrip mat sengem Léifsten, dee wäit fort ass a net  heemkann.

Vun enger Léift, déi een nëmme nach schwéier kann deelen, iwwert déi stëll Momenter, an deenen ee just op sech  selwer lauschtert an ufänkt, seng Ëmwelt anescht wouer ze huelen, bis zu deem Moment, wou d’Dir um Flughafen op geet an hie  säi Léifste rëm an den Aarm kann huelen.

Erop befaasst sech mat engem Spriecher, dee seng Ëmwelt a sech selwer op eemol  anescht oder nei wouer hëlt. Erop beschreift e Waarden op e Liewe voller Léift a mat der Sich no enger Zäit, déi kee virdefinéiert  Enn huet. Huet et nach e Wäert, ze plangen oder sech op Leit anzeloossen?

„(Aber auch) so berührt dieser Text und lässt sicher  persönliche Gefühlslagen der Krise unter den Zuschauern hinterfragen. Ein wunderbarer, starker Abend.“ Daniel Conrad,  Luxemburger Wort.
-
Liest den Interview vum Sarah Rock mam Romain Butti hei.

Mam Raoul Schlechter Mise en scène Fábio Godinho Scènographie Marco Godinho Luucht Antoine Colla Musek Nigji Sanges   Créatioun am Théâtre du Centaure Koproduktioun Mierscher Kulturhaus, Kulturhaus Niederanven
 

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu