Concert

Filmkomponisten a Kinoklassiker *ANNULEIERT *

Lëtzebuerger Militärmusek
Direktioun: Lieutenant-Colonel Jean-Claude Braun

 
© Claude Piscitelli

27.11.2020 | 20:00

Ticket 24.0 €
RBS 20.0 €
Schüler/Student 10.0 €
Kulturpass 1.5 €

 

***
Leider ass de Concert ofgesot.
D'Ticketen déi Dir fir dëse Concert kaaft hat ginn iwwert luxembourgticket ( T. 47 08 95 1 ) rembourséiert.

Merci fir Äert Versteesdemech an Är Gedold.
***


D’Lëtzebuerger Militärmusek freet sech Deel vun der Concerts Rei Film a Kino vum Mierscher Kulturhaus ze sin. Mat hirem groussen Orchester offréieren si iech eng onvergiesslech Rees mat musikaleschen Highlights aus der Filmwelt. Op esou engem aussergewéinlechen Owend dierf natierlech dee gréissten an och wuel dee bekanntesten Filmmusek-Komponist nët feelen, an zwar den 8-fachen Oscar-Gewënner John Williams. Vun him héiert dir, an enger prachtvoller Adaptatioun, déi schéinsten Themen aus dem George Lucas senger Star Wars Saga. Eng weider Film Saga déi d‘Abenteuer vum berüchtegten Captain Jack Sparrow aus Fluch der Karibik erzielt, ass och mat u Bord. Dës impressionant a maträissend Musek gouf komponéiert vum mëttlerweil nët manner bekannten Hans Zimmer an dem Klaus Badelt. Donieft kënnt dir déi schéinsten Melodien aus deenen bekanntesten James Bond Filmer genéissen.

Programm
Filmkomponisten a Kinoklassiker

An Zesummenaarbecht mat der
Mierscher Kulturkommissioun

Den Erléis vum Concert ass integral fir e gudden Zweck

Logo.100,7

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu