Interview

Hy-Khang Dang

"Meng kënschtleresch Aarbecht fënnt an engem Raum statt wou déi ënnerschiddlech Influenze matenee koexistéieren."

 
Hy-Khang Dang © Christian Aschman
Hy-Khang Dang © Christian Aschman

01.09.2023 - 31.07.2024

 

Bei Dialogs in Space verbannt Dir Barockmusek mat Jazz a mat Musek vun de Beatles. Dobäi setzt Dir op al Instrumenter a Kombinatioun mam Saxofon. Wéi funktionéiert dëse Lien tëscht al an nei?

De Saxofon ass hautzedaags leider vun de konventionelle Projeten aus der klassescher Musek ausgeschloss. Dowéinst ass et mir wichteg, dass de Luxembourg Saxophone Ensemble an hire Projeten ëmmer en Dialog mat anere Kënschtler aus aneren Domäner sicht. Bei Dialogs in Space wollt ech de Widdersproch tëscht al an nei heimat nämlech a Fro stellen. Wéi kléngt Purcell a Scarlatti wann et vun engem Saxofon gespillt gëtt? A wéi kléngt d’Musek vun de Beatles wann se vun engem Cembalo gespillt gëtt? Kann een dat eent nach vun dem aneren ënnerscheede wann alleguerten déi Instrumenter matenee spillen?

Den Ënnertitel vum Concert Dialogs in Space am Juni 2024 ass „Laboratoire musical“. An Ärer Residenz entwéckelt Dir e Konzept, exploréiert am Raum Forme vun Zesummespill a Klang. Firwat ass d’Mierscher Kulturhaus dofir besonnesch gëeegent?

Ech sinn immens dankbar dass d’Mierscher Kulturhaus mech mat esou vill Vertrauen an Enthusiasmus empfaangen huet. Ech hunn en ambitiéise Projet mam Luxembourg Saxophone Ensemble proposéiert gehat deen iwwert déi gewéinlech musikalesch Ufuerderungen eraus geet. Ech gouf bei menge kënschtlereschen Uleien net nëmmen ënnerstëtzt, mee och besonnesch encouragéiert fir sämtlech Iddien ëmmer erëm nei ze iwwerschaffen, an et huet sech séier erausgestallt dass et sech net ëm eppes handelt, dat mer an e puer Deeg kéinten op d’Been stellen. Et ass eng  kënschtleresch Aarbecht an eng Recherche déi mir iwwer Méint wëlle realiséieren, an d’Mierscher Kulturhaus bitt déi néideg Raimlechkeete fir dat passend Konzept dofir ze elaboréieren.

Dir wëllt mam Luxembourg Saxophone Ensemble d’Format vum ordinäre Concert nei erfannen. Wat fir eng Méiglechkeete notzt Dir dobäi, déi en „normale“ Concert deemno net bitt?

Ech wollt vun der Iddi fortkommen, dass den Ensembel wärend engem ganze Concert virun engem Dirigent an engem Hallefkrees setzt. Ech well alleguerten d’Musiker aneschters opstellen a queesch duerch de Sall verdeelen. Mir ass et och wichteg dass mir eis dobäi alleguerte fräi an dynamesch op der Bün kënne beweegen. Dat Ganzt soll mat engem ugepasste Bünebild an enger agreabeler Beliichtung begleet ginn. De Publikum soll dobäi virun allem, esou wéi an engem Theaterstéck oder an engem Danzspektakel, en immersiivt Erliefnes gebuede kréien.

Dir sidd ee vun de facettëräichste Museker vun Ärer Generatioun. An Ärer Biografie sti Studien vu Saxofon a Kompositioun; ewéi och d’Schreiwe vu Filmmusek an eng Tournée mam Hans Zimmer. Héiert een all dës Influenzen an Ärer Musek? Oder anescht gefrot: Héiert een déi eng Influenz méi ewéi déi aner?

Ech si mir net sécher op een déi eng Influenz méi staark eraus héiert wéi déi aner, mee se fléissen op jiddefalls alleguer aneneen iwwer. Wann ech klassesch Musek spillen, inspiréieren ech mech gär beim Jazz fir meng melodesch Linnen ze phraséieren. Beim Improviséiere versichen ech sämtlech Effekter aus der zäitgenëssescher Musek ze integréieren, a beim Komponéiere loossen ech heiansdo Influenzen aus dem Techno mat erafléissen. Et ass mir wichteg fir tëscht de verschidde Welte kënnen ze navigéieren. Eng Influenz schléisst déi aner net aus, meng kënschtleresch Aarbecht fënnt an engem Raum statt wou déi ënnerschiddlech Influenze matenee koexistéieren.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu