Konferenzen & Workshops

Les Lundis de l'ONJ

En Abléck an d’klassesch Musek

 
Pit Brosius © Max Mausen
Pit Brosius © Max Mausen

16.10.2023 - 25.03.2024

16.10.2023 | 19:00
20.11.2023 | 19:00
22.01.2024 | 19:00
26.02.2024 | 19:00
25.03.2024 | 19:00

Eintritt frei
Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Kulturhaus, an enger perséinlecher Ronn

Umeldung erwënscht mail@onj.lu

 
De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, féiert Iech mat Invitéë bei de Les Lundis de l’ONJ duerch d’Welt vun der klassescher Musek. Wat ass eng Sinfonie? Wéi kann ee mat engem Instrument Villercher nomaachen? Gëllt Jazz an der klassescher Musek iwwerhaapt als „richtegen“ Jazz? Wéi soll Musek vum 21. Jorhonnert kléngen – gëtt et esou lues net schonn alles? A wéi funktionéiert d’Zesummespill vu Solist.in an Orchester?

Verbonne mat Diskussiounsronnen, d’Lauschtere vun enger Hällewull verschiddenen Opnamen a villes méi, riichten sech des Owenter un Museksintresséierter, Hobbymuseker.innen a ganz gären och u Leit déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.


1. Zäitgenëssesch Musek
Méindeg 16.10.23 | 19:00
Gaascht Catherine Kontz, Komponistin
Moderatioun Pit Brosius

2. Form
Méindeg 20.11.23 | 19:00
Gaascht Claude Kraus, Pianist & Komponist
Moderatioun Pit Brosius

3. Natur
Méindeg 22.01.24 | 19:00
Gaascht Joseph Moog, Pianist
Moderatioun Pit Brosius

4. Jazz
Méindeg 26.02.24 | 19:00
Gaascht Max Mausen, Klarinettist
Moderatioun Pit Brosius

5. De Geieconcerto vum Johannes Brahms
Méindeg 25.03.24 | 19:00
Moderatioun Pit Brosius

Presentatioun Pit Brosius & Gäscht
Dauer 120 Min. (mat Paus)
Virkenntnisser oppen Oueren
Sprooch Lëtzebuergesch, Däitsch

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu