Concert

Lëtzebuerger Lidderflupp

Georges Urwald & Luxembourg Philharmonia

 
© Lynn Theisen

15.01.2022 | 20:00 | Tickets
16.01.2022 | 17:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Ticket 26.0 €
Gero 24.0 €
Schüler / Student 13.0 €
Kulturpass 1.5 €

 
De Lëtzebuerger Museker Georges Urwald trëfft op den Orchester Luxembourg Philharmonia ënnert der Leedung vum däneschen Dirigent Martin Elmquist. Si sangen a spillen sech duerch d’Lëtzebuerger Lidderkultur, vu Spillmannslidder, ’Éiweggrénger’ aus Koméidisstécker iwwert bekannte kabarettistesch Lidder ronderëm den Éischte Weltkrich bis zu Vinylschlager aus den 1960er a -70er Joren oder Themelidder vun der Musel. E Fest, fir Lidder an hirer Zäit kennenzeléieren, fir zesummen ze sangen, fir mateneen ze feieren oder fir einfach nëmmen nozelauschteren. Tëscht de Lidderpotpourri spillt den Orchester Luxembourg Philharmonia instrumental Musekswierker vun Dicks bis Jeannot Heinen.

-
Dëst ass e Covid-Check 2G+ Event mat Méiglechkeet vun engem Schnelltest op der Plaz.
 

Gesank a Piano Georges Urwald Gesank Deborah Marinkovic Orchester Luxembourg Philharmonia Direktioun Martin Elmquist Orchesterarrangementer Tom Braquet, Jean-Marie Kieffer, Georges Sadeler, Georges Urwald
-
Covidcheck 2G+

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu