Schweierpunkt

Lëtzebuerger Literatur: eng besonnesch enk Frëndschaft!


 

10.09.2020 - 01.07.2021

 
Vun Ufank un huet d’Kulturhaus mam Literaturarchiv, dem Servaishaus zu Miersch, enk zesumme geschafft a biswell vill spannend Kreatioune gemeinsam produzéiert. Mir erënneren eis un déi grouss PIK-Ausstellung während der leschter Saison bei Geleeënheet vum 100. Gebuertsdag vum Pir Kremer a Collaboratioun mam CNA Diddeleng.

Dës gutt Noperschaft wëlle mir an de nächste Jore verdéiwen an op laang Siicht Projete mateneen ausdenken a realiséieren. An der Saison 2020/2021 sti besonnesch vill Lëtzebuerger Schrëftsteller*innen am Mëttelpunkt vun eiser Programmatioun:


Jean-Marc Lantz
Do 01.10.20 | 18:30 | Vernissage Behescht Virtrag zur Ausstellung

Georges Hausemer
Fr - So 02.10. - 20.12.20 | Behescht – Bilder und Zeichnungen Ausstellung

Jean Portante
Më 07.10.20 | 19:30 | Soirée de poésie palestinienne et luxembourgeoise Event

Guy Helminger
Dë 17.11.20 | 18:30 | Im Dialog mit dem Paradies Guy Helminger liest Georges Hausemer Event

Danielle Roster
So 22.11.21 | 17:00 | E ganz honorable Beruff
D’Koster-Schwësteren als Stommfilmmusekerinnen Virtrag / Concert

Roland Meyer
Do & Fr 03.12. & 04.12.20 | 20:00 | King Tel Mo Rei Spektakel

Pir Kremer
Do - So 28.01. - 31.01.21 | 17:00 | Um Stamminee
Eng musikalesch-satiresch Revue iwwert 1960er a 1970er Joeren aus dem Mond vum Pir Kremer! Spektakel

--

Déi zäitgenësseg Lëtzebuerger Literaturszeen ass besonnesch produktiv an d’Mierscher Kulturhaus gesäit et als seng Missioun dës Kreativitéit ze fuerderen a gëtt fir d’Saison 2021/2022 zwee villverspriechenden Talenter Theaterstécker an Optrag:

Larisa Faber
01.22 | Papercut The play is inspired by the School Leaks scandal Spektakel

Olivier Garofalo
02./03.22 | Im Umbruch Eine Art Trauerspiel in fünf Aufzügen inspiriert vom Leben und Werk Nikolaus Welters Spektakel

Och déi literaresch Vergaangenheet läit eis um Häerz a besonnesch dann, wa mir enger prominenter Figur vun der Lëtzebuerger Literaturgeschicht, nach dobäi e Mierscher, dem Nikolaus Welter säin 150. Anniversaire am Joer 2021 feieren. Dat ganzt Joer iwwer proposéiert d’Mierscher Kulturhaus Manifestatiounen déi mir iech an der Fréijoersbrochure (Januar bis Juli 2021) am Detail virstellen.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu