Theaterdeeg

Mierscher Theaterdeeg

D'Mierscher Theaterdeeg si lancéiert!
06.05. - 09.05.21

 


6. Mee - 9. Mee 2021


Reservatioun ass obligatoresch (Diskussiounen, Liesungen, Virstellungen)
iwwer Mail : admin@kulturhaus.lu
oder iwwer T. 26 32 43-1
Wann Dir d'Teaterdeeg besicht, dann benotzt weg de Parking Schlasspesch ( Entrée rue G.D. Charlotte) fir Ären Auto ze parken. Ronderëm d'Kulturhaus ass Chantier an de Parking op der Méchelsplaz ass och partiell zou.

 

Iwwer ganzer véier Deeg dréint sech am Mierscher Kulturhaus a Centre national de littérature alles ëm den zäitgenësseschen Theater zu Lëtzebuerg. Am Mëttelpunkt stinn d’Auteur.innen, hiert Schreiwe fir den Theater an d‘Begéinunge vu Kënschtler.inne mam Public.

Mir notzen dobäi d'Geleeënheet a kucken dorop zréck, wéi sech den Theater, d'Inzenéierungen, d'Stécker an de leschte Joren entwéckelt hunn a werfen och e Bléck op dat, wat an der nächster Saison kann a wäert op an hannert der Bün passéieren.

Nieft Virstellunge vun Theaterproduktiounen, loosse mir d'Auteur.inne selwer zu Wuert kommen. Schrëftsteller.inne präsentéieren hir nei Stécker, ginn eis en Abléck an hire Schreifprozess a weisen eis, wat hir Iwerleeunge fir den Theater sinn. Dobäi wäert dann ënner anerem d'Larisa Faber - Auteurin, Schauspillerin a Regisseurin - hiert neit Stéck an hir Rede zum Theater präsentéieren an den Olivier Garofalo - Auteur an Dramaturg - aus sengem neien Text liesen.

Natierlech geet et awer am Theater ëmmer och ëm d'Gespréicher ronderëm d'Stécker an den Dialog tëschent der Kënschtlerin / dem Kënschtler mam Public. An zwou Table-ronde ginn Theme mat Regisseur.innen, Auteur.innen, Dramaturg.innen diskutéiert, déi d'Kënschler.innen an den Theaterpublic dës lescht Jore beschäftegt hunn. Wéi schaffe Schrëftsteller.innen a Regisseur.innen zesummen? Wéi eng Formen a Formater kann en Text unhuelen? Wéi eng Sujete fuerdert eis Aktualitéit? Wéi gin historesch a journalistesch Recherchen op der Bün ëmgesat?

Gespréicher, Diskussiounen, Liesungen a Virstellungen - d'Mierscher Theaterdeeg wëllen eng Iddi gin, wat et heescht, den Theater haut ze gestalten an ëmmer erëm nei ze denken.


DONNESCHDEG 6.5.
-----------------------------
-> 18:30 WËLLKOMM
op den 1. Mierscher Theaterdeeg

-> 19:30 MEETING Larisa Faber
Auteurin, Schauspillerin a Regisseurin
Ënnert dem Motto On Playwriting (mostly) erzielt d’Larisa Faber vun hirem professionelle Wee an stellt hiert neit Stéck Papercut an hir Rede zum Theater vir.
Moderatioun Nathalie Jacoby. This evening will be held in English.
-> Klickt hei fir méi Detailer


FREIDEG 7.5.
-------------------

-> 18:30 LIESUNG
Schrëftsteller.inne präsentéieren hir nei Stécker a ginn en Abléck an hire Schreifprozess.
18:30 Nathalie Ronvaux „Il a dit : Rosa est...“
19:00 Tullio Forgiarini Le retour de Lucienne Jourdain
19:30 Rafael David Kohn Penitence
 
-> 20:00 ALEEDUNG
zum Stéck So dunkel hier mam Christoph Brüll

-> 20:30 SPEKTAKEL So dunkel hier
Marc Baum | Nickel Bösenberg | Elsa Rauchs | Konstantin Rommelfangen
Text
Elise Schmit Regie Anne Simon
Am 21. Dezember 1945 titeln die Luxemburger Tageszeitungen mit Bildern der Leiche von Gustav Simon. Der junge britische Offizier, der Simon in seinem Versteck in Paderborn ausfindig gemacht und festgenommen hat, wird als Held gefeiert. Fast zeitgleich entstehen erste Gerüchte um den Tod des verhassten ehemaligen Gauleiters. So dunkel hier zeigt vier Menschen auf einer Autofahrt mit ungewissem Ziel und sicherem Ausgang. Ist ein Tod, den jeder will, überhaupt zu verhindern?
Koproduktion Hanns asbl, neimënster, Escher Theater Ticket 24€/10€ (luxembourgticket.lu) Freilichttheater. In deutscher Sprache.
Bei schlechten Wetterbedingungen wir die Vorstellung im Grossen Saal des Mierscher Kulturhauses stattfinden.
-> Klickt hei fir méi Detailer an Ticket'en


SAMSCHDEG 8.5.
--------------------------

-> 15:30 DISKUSSIOUN De Wee vum Text
Begleedung a Beaarbechtung vun engem Theaterstéck : Wéi ass de Wee a wouhi féieren d’Ëmweeër vum geschriwwenen Text bis op d’Bün? Ab wéi engem Moment gëtt d’Auteurin/den Auteur den Text of? Wéi wäit kann eng Regisseurin/e Regisseur an den Text agräifen? Mat ë.a. Olivier Garofalo, Frank Hoffmann, Jean-Paul Maes, Elise Schmit.
Moderatioun Marc Rettel

-> 17:00-18:00 MEETING Olivier Garofalo
Dramaturg, Auteur
Ënnert dem Thema Vom Blatt zur Bühne zielt den Olivier Garofalo iwwert seng Aarbecht als Dramaturg an Hausauteur um Rheinische Landestheater Neuss an iwert säin Optragswierk Am Ende des Tages.
-> Klickt hei fir méi Detailer

-> 18:30-20:00 LIESUNG
Schrëftsteller.inne präsentéieren hir nei Stécker a ginn en Abléck an hire Schreifprozess.
18:30 Olivier Garofalo Im Umbruch
19:00 Ed Maroldt Piccolo Paradiso
 
-> 20:30 SPEKTAKEL Terres arides
Ian De Toffoli | Luc Schiltz | Pitt Simon
Terres arides, est une pièce qui mêle théâtre de narration et fiction documentée. Elle raconte le voyage avéré en Syrie qu’un journaliste luxembourgeois a entrepris en 2019, pour réaliser un reportage sur un militant djihadiste originaire du Luxembourg, membre de l’Etat Islamique, dans une prison secrète du territoire occupé par les Kurdes, au Rojava, jusqu’à l’invasion de l’armée turque, en l’automne 2019.
Coproduction Théâtre du Centaure, Kulturhaus Niederanven Ticket 24€/10€ (luxembourgticket.lu) Am Grousse Sall. En langue française.
-> Klickt hei fir méi Detailer an Ticket'en


SONNDEG 9.5.
---------------------

-> 11:00-15:00 THEATER MATINEE
Liesungen a musikalesch Begleedung mat ë.a. Frédérique Colling, Catherine Elsen, Tullio Forgiarini, Claudine Muno, Jeff Schinker, Ian de Toffoli, Claire Wagener.
11:00 Zizou a Zazou  Frédérique Colling, Catherine Elsen, Claire Wagener
12:00 Le retour de Lucienne Jourdain  Tullio FORGIARINI
12:30 Alvaro  Romain BUTTI
13:00 Série noire  Jeff Schinker et Ian de Toffoli
14:00 MammOmmaM  vum Claudine Muno, et liesen Mady Durrer, Fabienne Hollwege an d'Lou.

-> 15:30 DISKUSSIOUN Text an Zäit. Wéi eng Sujeten a Formen fuerdert eis Aktualitéit?
D’Diskussioun geet dorop an, wéi eng Forme vu Schreiwen am zäitgenësseschen Theater vun de leschte Joren opkomm sinn a wéi Theaterformater op eng Aktualitéit reagéieren. Mat ë.a. Rafael David Kohn, Anne Simon, Ian de Toffoli, Claire Wagener.
Moderatioun Marc Rettel

-> 17:00 SPEKTAKEL Terres arides
Ian De Toffoli | Luc Schiltz | Pitt Simon
Coproduction Théâtre du Centaure, Kulturhaus Niederanven Ticket 24€/10€ (luxembourgticket.lu) Am Grousse Sall. En langue française.
-> Klickt hei fir méi Detailer an Ticket'en

-> 18:30 LIESUNG
Schrëftsteller.inne präsentéieren hir nei Stécker a ginn en Abléck an hire Schreifprozess.
18:30 Nathalie Ronvaux „Il a dit : Rosa est...“
19:00 Elise Schmit Under the Sun / Ënnert der Sonn
19:30 Rafael David Kohn Penitence

-> 20:00 AALEEDUNG
zum Stéck So dunkel hier mam Denis Scuto

-> 20:30 SPEKTAKELSo dunkel hier
Marc Baum | Nickel Bösenberg | Elsa Rauchs | Konstantin Rommelfangen
Text
Elise Schmit Regie Anne Simon
Koproduktion Hanns asbl, neimënster, Escher Theater Ticket 24€/10€ (luxembourgticket.lu) Freilichttheater. In deutscher Sprache.
Bei schlechten Wetterbedingungen wir die Vorstellung im Grossen Saal des Mierscher Kulturhauses stattfinden.
-> Klickt hei fir méi Detailer an Ticket'en

De Projet ass conventionnéiert mam Kulturministère Lëtzebuerg am Kader vum Neistart Lëtzebuerg

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu