Concert

Neijoerschconcert - 200 Joer Dicks

Musique militaire grand-ducale

 
Neijoerschconcert Musique militaire © Eric Engel
Neijoerschconcert Musique militaire © Eric Engel

14.01.2023 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu


Ticket 26.0 €
Gero 24.0 €
Student.in 13.0 €
Kulturpass 1.5 €

 

Den traditionellen Neijoerschconcert, presentéiert vun der groussherzoglecher Militärmusek, steet och dëst Joer nees op der Affiche vum Mierscher Kulturhaus. De Concert 2023 knäppt un déi lescht Joren un a feiert mat engem spezielle Programm den 200. Gebuertsdag vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Edmond de la Fontaine, genannt „Dicks“.

D’Museker.inne vun der Militärmusek proposéieren Iech, zesumme mat hirem Chef Lt-Col. Jean-Claude Braun, ee variéierte Programm mat Wierker vum Dicks, George Gershwin, Johann Strauss, Paul Linke a villen aneren.

Mat dësem Concert wëllt d’Militärmusek hirem Publikum net nëmme musikalesch Interpretatioune vu Chefs-d’oeuvren aus dem Festrepertoire offréieren, mee och ee Message vun Hoffnung, Frëndschaft a Fridde fir d’Neit Joer 2023 schécken.

An Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Miersch. Den Erléis geet un de Kiwanis Club Uelzechtdall fir d'Hëllef vun ukrainesche Kanner an der Ukraine.
 



Programm:
Marche Dicks-Lentz (P. Manternach / P. Pierrard) 
London Proms Overture (F. Glorieux)
D’Mumm Séis (E. de la Fontaine "Dicks")
Slava! (L. Bernstein)
Op der Juocht (E. de la Fontaine "Dicks", arr. P. Albrecht)
Elisabeth, The Musical (M. Kunze / S. Levay, arr. J. de Meij)
An der schönen blauen Donau (J. Strauss II) 
Grigri (Paul Lincke)

Musique militaire grand-ducale
Direktioun Lieutnant-Colonel Jean-Claude Braun

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu