Interview

Roland Meyer

Am Mëttelpunkt steet d'Persoun, déi an d'Arena trëtt
Interview: Sarah Rock, Dramaturgin

 
© Mierscher Kulturhaus_Jeanine Unsen

09.09.2020 - 01.07.2021

 
Roland, 2017 krut Dir de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner- a Jugendliteratur fir de Roman TelMo. An elo gëtt am Mierscher Kulturhaus d’Fortsetzung als Theaterstéck King TelMo Rei. Hätt Dir Iech erwaart, d’Geschicht Joren duerno erëm opzegräifen?
Eigentlech net. Woubäi ee sech am Liewe jo ni sécher ka sinn. Allerdéngs ass et mam Telmo schonn e bëssen anescht. Hie steet fir eng ganz Generatioun Jugendlecher, déi an enger Zäit vum extreme Wandel opwuessen, déi kaum nach Sécherheeten hunn, wou d’Wäerter all a Fro gestallt ginn an domat d’Erwuesse-Ginn immens schwéier gëtt. Esou ass et net ganz verwonnerlech, datt e Personnage wéi den Telmo, dee komplett an deenen aktuelle sozio-ekonomesche Verwerfungen opwiisst, nach eng Kéier opgegraff gëtt, a wéi de Claude Mangen mech no enger Fortsetzung fir den Theater gefrot huet, war direkt kloer, wéi déi sollt ausgesinn. Fir mech ass dëst eng immens Chance. De Roman ass mat enger Zort oppenem Schluss ausgaangen. D’Fortsetzung huet mech elo gezwongen mir virzestellen, wéi esou eng Biografie ka weiderentwéckelt ginn, ganz konkret, ouni Verniidlechung oder Kitsch. Grad esou wéi de Roman.

Wat geschitt dann 2020 mam Telmo?
Den Telmo sëtzt am Jugendprisong. Hien huet iwwerdriwwen an esou ass et zur Katastroph komm. De Jugendriichter wëll him nach eng lescht Chance ginn. An déi besteet an enger Géigeniwwerstellung mam Rafael, deen den Telmo viru ronn véier Joer ënnert ee Bus gestouss hat, an deen elo queeschschnëttsgeläämt ass. Ass den Telmo zur Empathie fäheg? Bréngt hien et fäerdeg iwwert säi Schiet ze sprangen a kann hien op de Rafael duergoen an esou seng Chance notzen?

Dir sidd vu Formatioun Pedagog, wéi beaflosst dat Äert Schreiwen?
Ech stellen d’Persounen an de Mëttelpunkt, ech gi vun hire Wënsch, Stäerkten, Schwächen an Dreem aus, vun hiren Erliefnisser, hirem sozialen Ëmfeld a kucken dann, wéi si sech an der Welt, am richtege Liewen entwéckelen. An enger éischter Linn interesséiert mech weder d’Schreiwen oder de Schreifstil nach eng moralesch-philosophesch oder pedagogesch Theorie, mee just d’Persoun, déi an d’Arena trëtt. Eréischt dono entsteet d’ästhetesch Ëmsetzung.

Dir sidd och Kabarettist an Matbegrënner vum Ensembel Sténkdéier. Wéi ënnerscheet sech den Denk- a Schreifprozess jee no literareschem Genre an Zilpublikum?
Fir d’Bün ze schreiwen verlaangt ëmmer vill méi Prezisioun wéi zum Beispill bei engem Roman. Am Roman huet een d’Méiglechkeet, e Motiv lues a lues ze entwéckelen, op der Bün muss et direkt sëtzen a fir de Publikum verständlech sinn. Wat d’Persounen denken a fillen, muss ee kënne gesinn, am Roman kann ech et beschreiwen, op der Bün muss ech et weisen. A wärend de Cabaret dacks op d’Aktualitéit an op d’Pointe ofziilt, en éischter gerafften, temporäichen a vereinfachende Stil huet an d’Personnagen meeschtens nëmmen ugedeit ginn, geet d’Theaterstéck wäit doriwwer eraus an erlaabt eng méi ganzheetlech a komplex Vue.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu