Interview

Sandra Fernandes Fitas

"Wann ech am Grupp danzen, fillen ech mech glécklech."

 
Sandra Fernandes Fitas
Sandra Fernandes Fitas © Mike Zenari

21.09.2022 - 31.07.2023

 

Sandra, Dir sidd Kënschtlerin am collectif DADOFONIC vun der Ligue HMC a stoungt schonn oft op eiser Bün. Wei koumt Dir zu Ärem Beruff?

Ganz jonk hunn ech schonn Theater gespillt. Spéider wollt ech dat als Beruff maachen. Ech hunn iwwerall gefrot wou ech dat kéint maachen a kee wosst Bescheed. Bis dass eng Frëndin mir vum collectif DADOFONIC geschwat huet. Ech wosst guer net wat dat wier, an hatt sot mir just: déi spillen Theater! Ech hu mech du selwer informéiert a sinn op hir Porte Ouverte schnoffele gaangen. Dat huet mir gutt gefall. Ech hu gespuert: hei ass e gudde Feeling! Ech hu mir gesot: dat gëtt mäi Beruff - Kënschtler! An elo sinn ech scho bal 9 Joer hei.

Wat gefält Iech am beschten un Ärem Beruff?

Wann ech an eng aner Roll ka schlüpfen! Da sinn ech fräi. Du genéiss dat wanns de op der Bün bass a mengs, dass net du dat bass mee en aneren, deen dat elo spillt.

Als wat bezeechent Dir Iech selwer?

Ech si Kënschtlerin, am Theater. An ech sinn Dänzerin. Dat maachen ech scho vu klengem un. Ech wosst net a wat fir eng Richtung ech sollt goen. Am collectif hunn ech vill geléiert a gemierkt, wat mir gutt deet a wat ech gär maachen.

Ass Äre Beruff eng Aarbecht ewéi all aner Aarbecht och?

Jo, genau. Et ass eng normal Aarbecht. Mir schaffen 8 Stonnen den Dag a 5 Deeg an der Woch. Ech well awer ëmmer méi laang schaffen a guer net méi ophalen! Et ass ëmmer eppes lass.

Ass et fir e Mënsch mat enger Behënnerung méi schwéier, Kënschtler.in ze ginn?

Jo, eleng ass dat schwéier. Et muss ee jo och aner Saachen maachen, ewéi z.B. Bürosaarbecht, an dat geet net fir jiddereen. Wann een Talent huet an dat well weisen freet een sech: wéi kommen ech elo weider? Oft traut een sech net.

Wat kéint een Ärer Meenung no maachen fir dass dat méi einfach gëtt?

Veräiner grënnen ewéi z.B. eng Danztrupp. Net just als Aarbescht, och fir d’Fräizäit. Et feelen esou Saachen fir behënnert Mënschen. Zemools fir déi Léit, déi Talent hunn, mee sech awer net esou richteg trauen, dat ze weisen.

Hutt Dir Projeten fir d’Zukunft?

Ech wëll méi a weider danzen. Bei blanContact* hunn ech vill nei Saachen entdeckt. Ech vermëssen de blanContact. Ech wier frou wann et kéint weidergoen. Et ass mäin Ziel nees am blanContact ze danzen, mat all deenen aneren. Wann ech eleng danzen, dann ass dat e bësse komesch. Am Grupp ze danzen deet mir ganz ganz gutt. Da fillen ech mech glécklech.

Interview: Peggy Kind, Mierscher Kulturhaus.

* blanContact ass en inklusiven Danzprojet vum Mierscher Kulturhaus.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu