Jugend 12+

King Tel Mo Rei

Roland Meyer
Elo geet et em Alles!

 
King Tel Mo Rei © Bohumil Kostohryz
King Tel Mo Rei © Bohumil Kostohryz

26.01.2023 | 18:30 | Tickets
luxembourgticket.lu

Premiere
25.01.2023 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Schulvorstellung
25.01.2023 | 09:30
26.01.2023 | 09:30
27.01.2023 | 09:30

Ticket 26.0 €
Student.in 13.0 €
Kulturpass 1.5 €

Reservatioun Schoulvirstellungen
T. 26 32 43 1
scolaires@kulturhaus.lu

 
2017 krut de Roland Meyer fir säi Jugendbuch Tel Mo de Lëtzebuerger Buchpräis. Elo kënnt d’Fortsetzung als brandaktuellt Theaterstéck.

Mir erënneren eis, den Telmo ass dee Jong, deen als Schoulbouf scho wéinst sengem Verhalen a senger Brutalitéit opgefall ass. Hien huet den Elteren hiert Appartement a Brand gestach, seng Matschüler erpresst an de Rafael ënnert ee Bus gestouss, esou datt deen elo queeschschnëttsgeläämt ass.

Wéi den Telmo ee Bouf vun e puer Joer war, ass säi Papp zréck a Portugal gaangen an en huet d’Famill op engem Scholdebierg sëtze gelooss. Den Telmo huet weder richteg Portugisesch nach Lëtzebuergesch schwätze geléiert. Datt hie schonn als Kand als sougenannte „Systemsprenger“ an engem Foyer gelant ass, verwonnert net!

Den Telmo ass elo véier Joer méi al an hie sëtzt am Jugendprisong. Hien huet mat Droge gedealt an ee vu senge Clienten ass gestuerwen. Fir seng Mamm, fir seng Betreier, fir d’Police an d’Justiz a schlussendlech fir eis all stellt sech d’Fro, wéi mat esou jonke Leit ëmgoen. Kann een se nach erzéien oder muss een se schonn aspären?

Et gëtt där Jugendlecher ëmmer méi, d’Gewalt hëlt zou, d’Schoulen an d’sozial Servicer sinn iwwerfuerdert, d’Police kann dacks just nach nokucken a leeft hannendrun. Präventioun funktionéiert net a gëtt zur Farce.

 

Kaderprogramm King Tel Mo Rei

Diskussion
Do. 26.01. | 20:15
Jugendschutz & Jugendstrafrecht / public forum
Organisation forum
Méi Informatiounen
 

King Tel Mo Rei, e Stéck wat net méi aktuell kéint sinn! Nodeem Ufank 2022 fir d’Reform vum Jugendschutzgesetz dräi projets de loi an der Chamber deponéiert goufen, behandelt d’Stéck genau dëst Thema: Kriminalitéit bei Jugendlechen hei zu Lëtzebuerg.

Wéi geréit e Jugendlechen op déi falsch Spuer? Wat geschitt mat engem Mannerjäregen, dee stroffälleg ginn ass? Nieft den Theateropféierungen entsteet en ausféierlechen an nohaltegen Kaderprogramm mat enger Begleetmapp (pedagogescht Material) déi an d’Thematik aféiert a verschidden Explikatiounen zum Thema matbréngt. No der Opféierung ass all Kéier eng Diskussiounsronn, wou d’Ekipp ronderëm d’Stéck King Tel Mo Rei Ried an Äntwert steet.

Ufro pedagogescht Material:
scolaires@kulturhaus.lu
T. 26 32 43 1

Dauer 80 Min.
Nogespréich 20 Min.
Alter 14 +
Sprooch Lëtzebuergesch

Text Roland Meyer Regie & Bün Claude Mangen Dramaturgie Odile Simon Spill Michael Mahjoubi, Max Bäcker, Clara Hertz, Sandra Proenca Caldeira, Claude Faber, Noémie Leer Dossier pédagogique Monique Hartmann Luucht Steve Demuth Video Bohumil Kostohryz Produktiounsbüro Pit Ewen, Peggy Kind, Georges Keiffer Technik Donato Battista, Marc Georges, Christian Heinisch

Produktioun Mierscher Kulturhaus, Cube 521

Merci De Verband, Lycée Ermesinde Mersch, Commune de Mersch

On tour
02. & 03.03.23 Cube 521

Creation LU_22-23

Jugend 14+



53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu