Ausstellung

Edmond Hansen

Mierscher Geschichtsfrënn
E Mierscher Meeschterfotograf

 
Edmond Hansen
Edmond Hansen © Edmond Hansen

13.10.2022 - 05.02.2023

Montag | 14:00 - 17:00
Dienstag | 14:00 - 17:00
Mittwoch | 14:00 - 17:00
Donnerstag | 14:00 - 17:00
Freitag | 14:00 - 17:00

D'Ausstellung ass folgend Sonndeger op:
16.10.2022 | 15:00 - 17:00
23.10.2022 | 15:00 - 17:00
13.11.2022 | 15:00 - 17:00
27.11.2022 | 15:00 - 17:00
11.12.2022 | 15:00 - 17:00
15.01.2023 | 15:00 - 17:00
05.02.2023 | 15:00 - 17:00

Vernissage
13.10.2022 | 18:30

Eintritt frei

D'Ausstellung ass jeweils 1 Stonn virun all Event op.
Wärend de Schoulvakanzen ass d'Ausstellung zou.

 

Wa mir eis haut un dat Miersch vum Nicolas Welter, dat hien an sengem Wierk Im Werden und Wachsen duergestallt huet, literaresch erënneren, sou ass awer een aner Mierscher Jong, dee wärend 40 Joer als professionelle Fotograf dat fréiert Miersch fotografesch dokumentéiert huet, zum Deel a Vergiessenheet geroden. Dës Ausstellung weist Wierker vum Edmond Hansen (1878-1941), genannt De Boski.

Zu Miersch, vis-à-vis vun der Kierch, ass hien 1878, am Haus genannt a Bosquet, op d’Welt komm. No senger Léier als Fotograf huet de Boski sech an sengem Gebuertshaus niddergelooss. Hien hat säin Atelier no an no op dräi Plazen, bis hie sech eng Wunneng mat Atelier a Geschäftslokal op der Arelerstrooss konnt leeschten.
Hie war Fotograf, awer och Musiker, Regisseur, Textschreiwer a Schauspiller an enger Persoun.

D’Mierscher Geschichtsfrënn erënneren mat dëser Ausstellung un ee Mierscher, deen am ganze Land als Fotograf vill gefrot war. Seng Fotoen illustréieren Texter an enger ganzer Rei vu Publikatiounen. Dat aalt Miersch, vun 1900 bis 1940, ass haaptsächlech duerch seng Fotoen an Erënnerung bliwwen.

Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Miersch


Konferenzen

Donneschdeg 01.12.22 | 19:30
Miersch vum Edmond Hansen
Nicole Kreins, Erny Kohn, Guy Pauly

Donneschdeg 19.01.23 | 19:30
Eng Wëldschwäijuegd fotograféiert vum Edmond Hansen am Reckener Bësch (1903)
Jeng Sinner

De Sonndeg 16.10. & Sonndeg 23.10. ass och de Roulot’ographe Camera Obscura vum Neckel Scholtus op der Plaz

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu