Konferenzen & Workshops

Eng Wëldschwäijuegd fotograféiert vum Edmond Hansen

Jeng Sinner
Konferenz am Kader vun der Ausstellung "Edmond Hansen"

 
Chasse aux sangliers © Edmond Hansen / Propriétéit Jeng Sinner
Chasse aux sangliers © Edmond Hansen / Propriétéit Jeng Sinner

19.01.2023 | 19:30


Fräien Entrée

Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Kulturhaus

 

Den Edmond Hansen huet wärend méi wéi 40 Joer als professionelle Fotograf zu Miersch an Ëmgéigend, mee och soss uechtert d'Land geschafft. Hien huet och keng Méi gescheit, sech mat senger schwéierer Apparatur ze deplacéieren, fir egal wouhin an egal bei wat fir engem Wieder all méiglech Geleeënheeten am Bild festzehalen.
 
Am Mäerz 1903 huet den Hansen op der Reckener Barrière eng vun deene bekanntsten a populäerste Juegdfotoe vu Lëtzebuerg gemaach. Dëst Bild hänkt haut nach an enger oder anerer Juegdstuff. Mee iwwert déi séier interessant Juegdgesellschaft eraus, weess dës Foto awer nach vill méi ze erzielen.
 
Mam Edmond Hansen senge Fotoe kréie mir ee wäertvollen Abléck an dat deeglecht Liewen tëschent 1900 a 1940. Hien huet ons ee wäertvolle Patrimoine hannerlooss.


Aner Konferenzen:
Donneschdeg 01.12.22 | 19:30
Miersch vum Edmond Hansen
Nicole Kreins, Erny Kohn, Guy Pauly

Ausstellung:
Hei fannt Dir Informatiounen zur Ausstellung "Edmond Hansen".

Presentatioun Jeng Sinner

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu