Konferenzen & Workshops

Les Lundis de l'ONJ 5 - Zesummespill

Wat sinn d'Rolle vun de Museker.innen an dem Dirigent?
Pit Brosius & Nazar Totovytskyi

 
Les lundis de l'ONJ © Se?bastien Gre?bille
Les lundis de l'ONJ © Se?bastien Gre?bille

03.07.2023 | 19:00

Eintritt frei
Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Kulturhaus, an enger klenger perséinlecher Ronn

 

D’Kommunikatioun tëschent de Museker ass ee vun de wichtegsten a faszinéierendsten Aspekter mat deenen een sech dacks ausernee muss setzen. Ob verbal oder nonverbal Kommunikatioun, ob an engem Trio, Quartett oder Orchester vun 100 Museker: d'Musek lieft vum zesummeschaffen, spieren, fillen, agéieren a reagéieren. Wéi kann dat goen a brauch een dofir eventuell een Dirigent?

Am zweeten Deel vun dësem Owend kucke mir eis de Programm vum ONJ sengem Concert am Juli méi genau un, lauschteren a vergläiche verschidden Opname vun ënnerschiddlechen Interpreten.

---

De Pit Brosius, Dirigent vum ONJ, a seng Invitéeë féieren Iech bei de „Les Lundis de l’ONJ“ duerch d’Welt vun der klassescher Musek. Mir entdecken zesumme verschidde Méiglechkeete wéi ee klassesch Musek ka lauschteren an esou d’Concertserliefnis intensivéiert: Instrumenter, Melodien a Begleedungen eraushéieren a rëmerkenne wann se zeréck kommen oder verännert ginn. Donieft blécke mir op dat spannend an ofwiesslungsräicht Liewe vu professionelle Museker.innen.

Verbonne mat Diskussiounsronnen, d’Lauschtere vun enger Hällewull vun Opnamen a villes méi, adresséieren sech des Owender un Museksintresséierter, Hobbymuseker.innen a gären och un Leit déi nach keng Erfarung mat klassescher Musek hunn.


1. Iwwerbléck an e bësse Geschicht: Epochen a Stiler
Méindeg 03.10.22 | 19:00
mam Pit Brosius
Een Abléck an déi spannend Welt vun der klassescher Musek: déi verschidde Stiler an Epochen, mir lauschteren a vergläiche Beispiller.

2. Lauschteren a Verstoen: Emotiounen an der Musek
Méindeg 16.01.23 | 19:00
mam Véronique Bernar (Klarinettistin)
D’Musek stécht voller Erwaardungen an Iwwerraschungen, Witzer a Menacen. Et muss ee kee Museker sinn, fir wärend dem Lauschteren ze laachen oder Héngerhaut ze kréien. Mir probéieren Themen (rëm) ze erkennen; Begleedungen, Klangfaarwen an de Charakter vun der Musek eraus ze héieren.

3. Ënnerschiddlech Besetzungen an hire Klang / professionellt Musikerliewen
Méindeg 30.01.23 | 19:00
mam Choul-Won Pyun (Solo-Kontrabassist am OPL)
Wéi gëtt een ee professionelle Museker? Wéi gesäit den Alldag aus a muss een nach iwwerhaapt nach prouwen? Een Abléck an déi villsäiteg Besetzungen a Concertsforme mat deenen ee Museker muss ëmzegoe wëssen. Mir entdecken zesummen d’Ënnerscheeder vu verschiddene Formatiounen (Solo, Kammermusek, Ensembel a Kammerorchester, etc.) a fannen eraus wéi si kléngen, wat d’Erausfuerderungen, Virdeeler a méiglech Nodeeler sinn.

4. Klangfaarwen an Orchestratioun
Méindeg 06.03.23 | 19:00
mam Claude Kraus (Pianist a Komponist)
Mir huelen d'Stécker vum Concert de 15. Abrëll 2023 ënnert d'Lupp, lauschteren a vergläiche verschidden Opname vun ënnerschiddlechen Interpreten an entdecken esou ënnert anerem d’Villfältegkeet vum Piano am Orchester.

5. Zesummespill: Wat sinn d‘Rolle vun de Museker.innen an dem Dirigent?
Méindeg 03.07.23 | 19:00
mam Nazar Totovytskyi (Akademist am OPL)
D’Kommunikatioun tëschent de Museker ass ee vun de wichtegsten a faszinéierendsten Aspekter mat deenen een sech dacks ausernee muss setzen. Ob verbal oder nonverbal Kommunikatioun, ob an engem Trio, Quartett oder Orchester vun 100 Museker: d'Musek lieft vum zesummeschaffen, spieren, fillen, agéieren a reagéieren. Wéi kann dat goen a brauch een dofir eventuell een Dirigent?

Am zweeten Deel vun dësem Owend kucke mir eis de Programm vum ONJ sengem Concert am Juli méi genau un, lauschteren a vergläiche verschidden Opname vun ënnerschiddlechen Interpreten.

 

Invité Nazar Totovytskyi (Akademist am OPL)
Moderatioun Pit Brosius

Dauer 90 Min. (45 Min. Presentatioun / 45 Min. Diskussioun)
Viraussetzung oppen Oueren
Sprooch Lëtzebuergesch, Däitsch

Präis fräien Entrée
Umeldung erwënscht mail@onj.lu

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu