Konferenzen & Workshops

Miersch vum Edmond Hansen

Nicole Kreins, Erny Kohn, Guy Pauly
Konferenz am Kader vun der Ausstellung "Edmond Hansen"

 
Klibberloun ophiewen © Edmond Hansen
Klibberloun ophiewen © Edmond Hansen

01.12.2022 | 19:30


Fräien Entrée

Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Kulturhaus

 
Den Edmond Hansen, genannt „de Boski“, staamt aus enger al agesiessener Mierscher Famill. De Fotograf, Museker, Regisseur an Theaterspiller huet vun 1900 bis 1940 d‘Kultur zu Miersch representéiert. Déi meescht Fotoen iwwert Miersch vun dem éischten Deel vum zwanzegste Joerhonnert stame vun him.

D‘Konferenz soll eis op déi Plaze vu Miersch féieren, déi him um Häerz louchen: d‘Méchelsplatz, den Zentrum vu Miersch, d’Schlass, d’Réimervilla an de neie Quartier ronderëm d’Gare, deen hien als jonke Mann gesinn huet wuessen.

Hien huet Postkaarten editéiert, seng Fotoe waren och vill gefrot als Illustratiounen a Bicher an an Zäitschrëften. An de Stackhaiser vu Miersch an Ëmgéigend fanne mir Hochzäits- a Kommuniounsfotoe vum Edmond Hansen. Fir säi Wierk der Nowelt ze erhalen, hunn d’Mierscher Geschichtsfrënn des Ausstellung realiséiert.


Aner Konferenzen:
Donneschdeg 19.01.23
| 19:30
Eng Wëldschwäijuegd fotograféiert vum Edmond Hansen am Reckener Bësch (1903)
Jeng Sinner

Ausstellung:
Hei fannt Dir Informatiounen zur Ausstellung "Edmond Hansen".

Presentatioun Nicole Kreins, Erny Kohn, Guy Pauly

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu