Interview

Romain Butti

Mech interesséiert d'Banneliewe vun de Figuren an d'Poesie vun der Sprooch

 
Romain Butti © Edouard Olszewski

16.11.2021 - 31.07.2022

 

Romain, Äre Monolog Erop ass am Hierscht am Kader vun der „Commande de textes“ am Kinneksbond gewise ginn. Deen Text schafft Dir zu enger verlängerter Versioun aus. Wéi ass et dozou komm?
De Monolog war zum richtegen Zäitpunkt op der richteger Plaz. Allerdéngs war do och d’Gefill, datt den Text nach weider kéint ausgeschafft ginn – déi zentral Relatioun, déi beschriwwe gëtt, huet nach vill weider Facetten, deenen ech wollt nogoen. A wéi ech kontaktéiert ginn si mat der Propos, den Text entspriechend nach eng Kéier opzebriechen a weiderzespannen, huet alles gutt zuenee fonnt.

Kann ee vun engem neien Text schwätzen?
Am iwwerschafften Text wollt ech de Covid-Bezuch eraushuelen. Bei der „Commande de textes“ war dëst e Critère, deen an der neier Versioun awer manner Relevanz krut. Ech hat Loscht mech méi op d’Dynamik an d’Banneliewe vun der Relatioun tëscht der Haaptfigur a senger Léift ze konzentréieren an do e bësse méi gruewen ze goen.

Wéi eng Themen a Reflexioune verschafft Dir an Erop?
Ech leeë grousse Wäert op d’Intimitéit ënnerhalb vun enger Relatioun a mech interesséieren dat Tëschemënschlecht an déi sënnlech-duuss Momenter vum Alldag. Och situéieren ech meng Personnagen an eng liicht mystesch, däischter Welt, net seelen ass den Dekor am Quasi-Stëllstand, an dëst gëtt ausgedréckt mat enger betount musikalescher Sprooch. An dësem Text ginn ech méi am Detail op d’Ängschte vu Verloscht an enger Relatioun an.

Dir schafft als Auteur an zwou Sproochen. D’Theatertexter Fir wann ech net méi kann an Erop sinn op Lëtzebuergesch, mee de Roman Ein Jahr in Berlin ass op Däitsch. Woura läit fir Iech den Ënnerscheed vun deenen zwou Sproochen?
Ech war ëmmer staark ugezu vun der däitscher Lyrik, déi fir mech ganz präzis a kal, mee och ganz duuss a voller Magie ka sinn. Dat hunn ech dem Lëtzebuergeschen eng laang Zäit net zougetraut. Ech hunn et dunn awer mol gewot, Subtil-Sënnleches op Lëtzebuergesch auszedrécken a war ganz baff, datt et definitiv funktionéiert.

Wéi beschreift Dir Ären eegene Stil? Wat inspiréiert Iech als Schrëftsteller?
Mir ass et wichteg, datt a mengen Texter eng sënnlech-musikalesch Linn ze verfollegen ass. Ech hu bis elo ëmmer relativ wéineg mat Handlung geschafft, well mech d’Banneliewe vun de Figuren, den Dekor vun hirer Ëmwelt an d’Poesie vun der Sprooch méi staark  interesséieren. Ze vill Plot géing nëmmen dovun oflenken. Et si fragil Momentopname mat Gedanken, déi gläichzäiteg op Paus gestallt sinn an an- an ausootmen.

Interview: Sarah Rock, Dramaturgin

Link zum Spektakel Erop, geschriwwe vum Romain Butti
Do 21.04. / Fr 22.04. / Dë 26.04. / Më 27.04.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu