Interview

Sascha Ley

Eng Erzielerin, déi gären "tëschent den Zeilen" liesen a lauschtere léisst

 
Sascha Ley © Edouard Olszewski

16.11.2021 - 31.07.2022

 

Sascha, Ären artistesche Parcours geet an ënnerschiddlech Richtungen: Dir sidd Schauspillerin, Jazzsängerin a sicht ëmmer erëm no neien, experimentelle Formen an Ärer Musek a Performance – wéi beschreift Dir Iech selwer als Kënschtlerin? A wéi eng Richtung ginn Är momentan Recherchen?
Ech géing mech als Erzielerin beschreiwen, déi mat verschiddensten Ausdrocksforme schafft a gären „tëschent den Zeilen“ liesen a lauschtere léisst; eng Erzielerin, déi sech d’Aufgab stellt, fir mat der Perceptioun - där eegener wéi där vum Public – ze spillen an oppen Espacen ze fannen, déi Denkprozesser, Gefiller, Meenungen a Gewunnechte beréieren an eventuell op de Kapp stellen, fir nei Betruechtungen ze erliewen. Ech probéieren, ëmmer nees eng Universalitéit ze fannen, déi nieft dem Intellekt virun allem d’Sënner uschwätzt, fir dat kënne matzedeelen. Als begeeschtert Beobachterin vum mënschleche Genie an Drama, vu Kreatioun, Konscht, Natur, der Welt, si mäi Schafen esou wéi mäi Liewen zu enger permanenter Recherche ginn. Dat betrëfft alles, wat ronderëm eis geschitt; am Alldag, wéi am Liewens- a Stierwensprozess vu Wiesen a Saachen. Ech follegen der Philosophie vu Fräiraum a fräier Entfalung souwuel als Persoun wéi och als Kënschtlerin an hoffen, mam Public ze kommunizéieren. Ech komponéieren an improviséiere mat Sprooch, Sound, Video, Collagen, gären eweg vu Reegelen. D’Recherche gi momentan a Richtung Performance, wou sech Mëschformen ideal ergänzen. Am Fong mäin éischten Dram: de „spectacle complet“.

Dir spillt eng Haaptroll an der Larisa Faber hirem neie Stéck Papercut. Kënnt Dir eis schonn eppes iwwer d’Performance verroden? Spillt Musek fir Är Performance eng Roll?
Et ass e Work in progress, un dee mir eis allen zwee zesumme mam Marie-Luce Theis (Bün) am Mee 2021 erugetaascht hunn. Musek a Soundscape hu vill Afloss op d’Stëmmung. Wat letztendlech vum Larisa virgesinn ass, ob vu mir oder engem(er) anere(r) Klangkënschtler(in), dat wäerte mir am Hierscht gesinn. Momentan schreift d’Larisa nach um Stéck, a mir gedëllegen eis.

Wat interesséiert Iech um Stéck an un Ärer Roll? Wéi gitt Dir bei Ärer Preparatioun vir?
Mech interesséiert den Aspekt vun der Loyalitéit an dem Courage, sech géint Manigancen ze stellen. Dat fannen ech eng ongeheier spannend Saach, déi mir perséinlech staark zouseet.

Papercut ass op Englesch. Wéi ass et fir Iech op Englesch ze schaffen an ze spillen? Ännert dat eppes am Ëmgang mam Text oder mat der Roll?
Nom Motto: eng gutt Interpretatioun ass ëmmer eng Erausfuerderung, kann déi friem Sprooch och befligelen, well ee muss ëmdenken. Ech wäert alt versichen, mech virun de Prouwen optimal op alles virzebereeden...

Interview: Sarah Rock, Dramaturgin
-
Link zum "Whistleblower" Spektakel Papercut vum Larisa Faber mam Sascha Ley.
Sa 22.01. / Do 25.01. / Më 26.01. / Do 27.01./ Sa 29.01.22

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu