Schweierpunkt

Schwéierpunkt: Wuesstem

Miersch - eng Stad déi wiisst

 

07.11.2019 - 12.07.2020

 

Miersch huet sech an de leschte Joren op villen Niveaue verännert. Dës Entwécklung geet op beandrockend Manéier virun, an d’Stad gëtt nieft der Haaptstad, der Minett- Metropol an der Nordstad e weideren attraktiven a qualitativ héichwäertege Liewensraum, deen Dank senger Vernetzung mam ëffentlechen Transport an dem Stroosse-Reseau Entwécklungspotential huet. Mat Miersch wiisst och déi ganz Géigend!

D’Mierscher Kulturhaus ass sech där Entwécklung bewosst, a reagéiert mat enger villsäiteger Programmoffer op dës Changementer. Et geet drëm, déi aktuell Dynamik an Energie anzefänken. Eng vun de Missioune vum Kulturhaus ass et, fir Impulser ze liwweren, Denkustéiss ze ginn an déi bestoend sozio-kulturell Acteuren duerch partizipativ Projeten a Produktiounen ze vernetzen. D’Kulturhaus däerf sech der Aktualitéit net verschléissen a muss um Bols vun der Gesellschaft programméieren. Et geet drëm mat originellen an exklusive Creatiounen a Co- Produktiounen, engagéierten Diskussiounen an Ausstellungen de Wuesstem vun der Géigend an de Mëttelpunkt ze stellen. Dat maache mir op verschidde Manéieren.


Gäert am ëffentleche Raum | 21.03. - 05.07.20 *** ANNULEIERT ***

D’Natur mat de Joreszäiten ass en zentralen Aspekt vum Wuesstem. De Geméissgaart illustréiert besonnesch gutt den Zyklus vum Liewen, vum opwuessen, bléien an vergoen. D’Kulturhaus geet bis virun d’Dier a riicht mat ville Partner kleng Gäert uechter Miersch op. Dës kontrastéiere mat den aktuelle Chantieren an der Urbanisatioun vun der Stad. An dëse Parzelle gëtt vergiessent Geméiss an apaart Blumme geplanzt, well och d’Ernährung spillt beim perséinleche Wuessen eng Roll. De Projet huet nieft dem educativen a kulturellen Aspekt och d’Zil fir d’Leit ze sensibiliséieren a mat anzebannen, sief et duerch hir Hëllef beim Bau vun de Gäert, oder beim séien an nätzen, eegen an schliesslech rekoltéieren.


„Mäi Selfie mat Miersch“ – Jonker knippsen hir Zukunft! | 22.05. - 29.05.20 *** ANNULEIERT ***

Ënnert dem Slogan #fridaysforfuture gi Jonker op d’Strooss an engagéiere sech fir de Klimaschutz. Wéi gesi si hir Zukunft? Zesumme mat Schoulen a Lycéen aus der Géigend entwéckelt de Projet Wuesstem Visiounen fir mar, mol eescht a mol verspillt! A kreative Workshops komme jonk Mënschen zu Wuert, diskutéieren a plangen un hirem privaten Ëmfeld, hirer Stad an hirer Géigend. Si dokumentéieren dës Perspektiven op verschidde Manéieren, duerch Fotoen, Videoen, Texter ... déi derwäert sinn, gewisen a publizéiert ze ginn. Ënnert wéi enger Form, entscheeden déi Jonk selwer.


Konferenzen & Public Forum | 04.05. - 29.05.20 *** ANNULEIERT ***

National an international Experten, Economisten, Architekten, Agrarfuerscher oder Philosophe proposéieren all Méindeg am Mee eng Konferenz zu hirem Fachgebitt. Am Public Forum den 28.05. ginn déi aktuell Froe rondërem d’Grenzen an d’Chance vum Wuesstem debattéiert. Nieft dem Ekonomeschen, Sozialen an Ökologesche kommen och déi politesch Aspekter zur Sprooch.


SPEKTAKEL
Piccolo Paradiso, Ed Maroldt | 08.05. - 09.05.20 *** REPORTEIERT ***

Déi gutt Noriicht virewech. Am Joer 2030 ass déi offiziell Deadline fir „One million Luxembourg“. Mat senger „Black Comedy“ iwwert d’First Royal Tramdays, beschreift den Ed Maroldt eng vu Provënzintrigen dominéierter Welt, an där e Familljesträit zum grandducale Konflikt iwwert „Wuessen oder Bremsen“ eskaléiert. Eng Story iwwert d’Méiglechkeet déi den Theater bitt, fir d’Wourecht blouss ze leeën a säin eegent Handelen ze hannerfroen.


AUSSTELLUNG
Miersch, Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt | 07.11. - 01.12.19

Déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik huet d’Bild vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft nom 2. Weltkrich grondleeënd verännert. Déi kleng Bauerebetriber haten ausgelieft. Viru 60 Joer – den 12. November 1959 gouf den Zentralsilo vun der Centrale Paysanne ageweit. Awer alles vergeet. D’Geschichtsfrënn erënnere mat enger Ausstellung drun, datt Miersch während Joerzéngte Metropol vun der Lëtzebuerger Bauerewelt war.


AUSSTELLUNG *** ANNULEIERT ***
Miersch, eng Stad déi wiisst! | 30.04. - 29.05.20

An deene leschten 10 Joer ass d’Populatioun vu Miersch all Joer ëm 2 % gewuess. Fir op dës Entwécklung ze réagéieren, brauch et nei Infrastrukturen. Ronderëm d’Gare entsteet en neie Quartier mat Plaz fir 700 Wunnengen, d’Rue Grande-Duchesse Charlotte soll méi attraktiv ginn an d’Geschäftswelt am Stadkär beliewen ... en neie Schoulcampus ass an der Planung ... asw. Eng Expo iwwert Liewen a Schaffen am Zentrum vum Land.


AUSSTELLUNG
L’Agrocenter à Mersch vu par le photographe Christian Aschman | 12.06. - 12.07.20

Am Kader vu senger Missioun fir de Patrimoine ze erhalen an ze dokumentéieren, awer och d’Creatioun ze ënnerstëtzen, hat de Centre National de l’Audiovisuel Diddeleng dem Lëtzebuerger Photograph Christian Aschman den Optrag ginn, d’Industriefricheë vum Agrocenter virum Ofrappen ze photographéieren. No der Ausstellung am Fréijoer 2020 zu Diddeleng kommen dës Photoen dohinn zeréck, wou se entstane sinn.


Mat der Ënnerstëtzung vun: LEADER LËTZEBUERG WEST


*** Mir informéieren Iech hei iwwert déi nei Datumer sou bal wéi méiglech. Merci fir Äert Versteesdemech.***

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu