Spektakel

Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen

Geschichten vum Guy Rewenig

 
DBM0044_10x15.300©Boshua
DBM0044_10x15.300©Boshua

16.12.2018 | 17:00 | Tickets

 

Reservatioun
T. (+352) 47 08 95 1
M. info@luxembourgticket.lu

Free seating




Ticket 20.0 €
Reduzéiert 10.0 €
Kulturpass 1.5 €


Aféirung zum Stéck vum Här Marc Rettel 1/2 Stonn virun der Virstellung

 

D’Félicie an den Heng, eng eeler Koppel vum Lampertsbierg, fueren an e Schwäizer Kurhotel. Wat si do maachen a firwat et si an d’Schwäiz verschléit, ass laang Zäit net kloer. Si behuele sech ewéi zwee Gedriwwener, déi et doheem net aushalen an dobaussen an der Friemt net glécklech ginn. Jiddefalls gerode si an der Schwäiz op eng Zort Geeschterbunn: Alles, wat si erliewen, gëtt ëmmer méi koppeg a bosseg. D'Gläichgewiicht tëscht dem Félicie an dem Heng ass empfindlech gestéiert, a wa si op eemol am Kurhotel aner Lëtzebuerger begéinen, déi hinne komplett géint de Stréch ginn, eskaléiert déi ganz Situatioun. Mee wat stécht hannert där kuriéiser Schwäizer Eskapad? Den déiwe Grond kënnt nëmme stéckweis eraus, iwwert Undeitungen a Gefillsausbréch, an et däerf een unhuelen, datt déi richteg, schrecklech Geeschterbunn doheem um Lampertsbierg steet.

De Guy Rewenig huet säi Stéck ugeluecht als Geschicht iwwert d’Léift vun zwee Leit, déi net méi vill mateneen ufänke kënnen an awer op eng batter Manéier vuneneen ofhängeg sinn. Si péngege sech, maache sech Virwërf, streide vu mueres bis owes, fir dann nees momentweis friddlech a verstänneg mateneen ëmzegoen.

Mam Heng : Jean-Paul Maes,  Zëmmerservice : Nilton Martins, Félicie : Christiane Rausch, Ricky: Pitt Simon, Bella: Brigitte Urhausen, Zëmmerservice: Manuela Giaccometti, Marko Mladjenovic, Annick Schadeck
Regie Charles Muller Dramaturgie Andreas Wagner Bühn & Kostümer Anouk Schiltz Luuchtendesign Philippe Lacombe Regieassistenz Daliah Kentges Kompositioun Luc Hemmer / Joël Mangen Beweegungstraining Annick Schadeck Mask Joël Seiller Garderobe Manuela Giaccometti Requisite Marko Mladjenovic
 
Produktioun Les Théâtres de la Ville de Luxembourg Koproduktioun Cube 521 Marnach, Trifolion Echternach
 
Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen ass ee vun den Texter aus dem Buch mam selwechten Titel, dat 2015 am  Verlag Guy Binsfeld erauskoum.
 

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu