Spektakel

Food Leaks

Kabarettistesch Liesung
Roland Meyer

 
Food Leaks Roland Meyer
Food Leaks Roland Meyer

jeden Tag: 20:00



Ticket 20.0 €
Reduzéiert 10.0 €

 
"Du bass wat s du ëss!", sot emol ee méi oder manner gescheite Mann an esou stellt sech dann och direkt folgend Fro: Ernäert sech ee Populist anescht wéi een Nationalist, ee Sozialist, ee Kommunist oder soss een Artist? Kachkéis, Quetschentaart a Bouneschlupp fir déi Konservativ a Sushi, Tofu a Smoothy fir déi Progressiv? Wann ëmmer alles esou einfach wir!

A wou gëtt hei am Ländchen iwwerhaapt d'Politik gemaach? Mat Sécherheet net um Krautmaart. Hei bei eis gouf, gëtt a wäert déi och ëmmer um Dësch, am Restaurant, am Bistro, op Grill-, Dëppen- an a leschter Zäit och ëmmer méi dacks op Oktoberfester gemaach ginn. Well do seet de Lëtzebuerger, wat en denkt.
Fir Iessen an Drénken ass deemno beschtens gesuergt!
Nom groussen Erfolleg vu sengen "Zikelalarm-Programmer" hëlt de Roland Meyer an enger neier kabarettistescher Liesung de Mond gehéierlech voll an zervéiert Iech e spektakuläre Menu: Fastfood, guttbiergerlech Kichen an Haute Cuisine aus engem Land, an diem Ausdréck wéi "gutt a vill" grad esou wéi "Fräibéier" nach ëmmer ee ganz besonnesche Klang hunn.

Text Roland Meyer. A Lëtzebuerger Sprooch

Gespillt gëtt am Sall Kleng Bühn

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu