Spektakel

Negativ

Et war jo och esou schéin
Kabaret Sténkdéier

 
Mosaik_Stenkdeier
Mosaik_Stenkdeier

26.11.2021 | 20:00 | Tickets
27.11.2021 | 20:00 | Tickets
28.11.2021 | 17:00 | Tickets

Ticket 20.0 €
Student 10.0 €
Kulturpass 1.5 €

 
Negativ ass den neie Positiv! Loosst Iech net mat positive Leit an, well dat kéint schlecht ausgoen! Nëmme Kontakter mat Negativen, dann hutt Dir alles ënner Kontroll. De Virus huet eis Welt op d’Kopp gestallt, a wat bis dohinner richteg a wouer war, kann sech elo als falsch erausstellen. A wollt am Ufank just den Etienne säi Liewen zeréck, esou wëlle mer et elo all zeréck. Et soll nees esou sinn, wéi virdrun: mat Vakanze- Fliger a Croisières-Schëff d’Klima retten a mam SUV op den Après- Ski. Et war jo och esou schéin!

E puer Verwinnten drécken sech vir, gi virun all deenen anere geimpft a fannen dat um Enn och nach ganz normal, mir aner stinn an der Rei a musse waarden, a fannen dat net normal. Bei Viagra hu mir vollst Vertrauen, „Totgeglaubte leben länger“, beim Vaccin zécke mer, och wann de Produzent dee selwechten ass, awer kee Mënsch freet, wat esou Muertentrëppeler wéi de Loulou an de Wu?rth an engem Verwaltungsrot verluer hunn. A grad elo an dier schlëmmster Kris hu Grand-Ducs eis och nach sëtze gelooss a sech duerch d’Bascht op Biarritz gemaach. Elo, wou mir hire Bäistand am néidegste gebraucht hätten, gi si léiwer ongeneemegt Interviewen am Paris-Match. Eist aller Monica mobbt sech derduerch, wann et anescht net weiderkënnt a bréngt d’DP an d’Laberenten, mee dat schlëmmst ass, datt et kee Lëtzebuerger Cremant méi bei der Luxair gëtt.
-
Dëst ass e Covid-Check Event ouni d‘Méiglechkeet vun engem Schnelltest op der Plaz.

Et spillen Conny Braquet, Irène Zeimes, Claude Faber, Luc Schumacher Regie Roland Meyer Texter Roland Meyer Musek Camille Nanquette

-

CovidCheckLOGO

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu