Spektakel

Stau!

Kabaret Sténkdéier

 
Stau!
Stau!

14.11.2017 - 24.11.2017

jeden Tag: 20:00











19.11.2017 | 17:00 | Tickets

Ticket 20.0 €
Reduzéiert 10.0 €
Kulturpass 1.5 €

 
Mir sinn et mëttlerweil gewinnt: kilometerlaang Schlaangen, Stoussstaang géint Stoussstaang, Auto widdert Auto, Camion widdert Camion, an dat all Mueren, all Owend, all Dag, all Woch, all Mount, Joer fir Joer...
Stau! Rien ne va plus! Stëllstand! – An dat an engem Land, dat sech Innovatioun op de Fändel geschriwwen huet. Wat geet do Zäit drop! Liewenszäit! Do staut sech vill Roserei an Onzefriddenheet op eise verstoppte Stroossen.
An an der Politik stauen sech d'Dossieren. Well wann eis Damen an Hären vum Krautmaart an de Wahlkampf zéien, da bleift esou munches leien an an der Chamber gëtt net méi vill geschafft. Elo brécht nees d'Zäit vun den Dëppefester a Generalversammlungen un, vun den eidele Verspriechen, de vollen Drëppeglieser an den einfache Léisungen. Et gëtt sech ënner d'Vollek gemëscht, Populismus hin oder hier.

Mir rëselen de Kapp... a stinn och weider bei guddem Wieder am Stau fir op de Stau, a bei schlechtem Wieder am Stau virun de Radaren an dem Schantje vum Tram.

Et spillen Conny Braquet, Irène Zeimes, Nico Dabé, Gilles Wunsch Texter Alain Adams, Roland Meyer Regie a Musek Roland Meyer

14. - 24.11.17:  Free seating mat Kabaret Bestuhlung

No Ärem Besuch am Mierscher Kulturhaus bekäschtegt de Restaurant a Guddesch mat senger klenger Kaart bis 23:00

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu