Spektakel

Tabula Rasa

Kabaret Sténkdéier

 

14.11.2018 - 24.11.2018

14.11.2018 | 20:00 | Tickets
15.11.2018 | 20:00 | Tickets
16.11.2018 | 20:00 | Tickets
17.11.2018 | 20:00 | Tickets
18.11.2018 | 17:00 | Tickets
20.11.2018 | 20:00 | Tickets
21.11.2018 | 20:00 | Tickets
22.11.2018 | 20:00 | Tickets
23.11.2018 | 20:00 | Tickets
24.11.2018 | 20:00 | Tickets

 

Reservatioun
T. (+352) 47 08 95 1
M. luxembourgticket.lu

Free seating mat Kabaret Bestuhlung



Ticket 20.0 €
Reduzéiert 10.0 €
Kulturpass 1.5 €

 

Et gëtt esou Momenter am Liewen: entweeder ganz ophalen oder alles zréck op Start an nei ufänken: Tabula Rasa! An der Politik ass et kloer, all fënnef Joer fänkt alles vu vir un, a fir dat wat war, wëllt kee méi d’Verantwortung iwwerhuelen. De Wieler mëscht d’Kaarten nei an d’Parteie schoustere sech géigensäiteg de schwaarze Péiter zou oder verdeelen d’Kinneken, d'Ässen an d’Dammen esou wéi et hinne grad am beschte passt an nennen dat dann „de Wielerwëllen“. Bléist de „Wind of change“ oder bleift alles beim Alen? Ëmmer méi Leit ass dat komplett
egal a se ginn e wäissen Ziedel of.

Een neit Kapitel gëtt iewer och am Privaten ëmmer méi dacks opgeschloen. Wien huet dann nach Loscht, haut, wou mir alles wëllen, villes hunn, iewer näischt däerfen, ee ganzt Liewe mat engem eenzege Partner ze verbréngen? Dat ass langweileg a weder spannend nach ofwiesslungsräich. Hu mir eist Liewen emol zerguttst an de Sand gesat, drécke mir op de „Reset-Knäppchen“ a kafen eis een neit. Schliisslech hu mir et jo – nach ëmmer!

Texter Alain Adams, Patrick Kayser, Roland Meyer Et spillen Conny Braquet, Irène Zeimes, Patrick Kayser, Luc Schumacher a Mich Wagener Regie a Musek Roland Meyer

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu