Spektakel

Uerdnung muss sinn - SOLD OUT

Christian Kmiotek
De Kmio spréngt aus der Këscht

 
Uerdnung muss sinn
Uerdnung muss sinn © Kulturfabrik

23.03.2023 | 20:00 | Tickets
24.03.2023 | 20:00 | Tickets
luxembourgticket.lu

Ticket 26.0 €
Student.in 13.0 €
Kulturpass 1.5 €

Um Stamminee, de Bar vum Mierscher Kulturhaus

 

A sengem One-Man-Owend schafft de Christian Kmiotek mam Publikum drun, déi aktuell Theemen anzeuerdnen, auszesortéieren, z’erklären an nei ze tesselen. Mat spatzer Zong, Niveau an Humor hëlt hien aktuell Phänomener ënnert d’Lupp: vum Alginn a vum Schwäerme vu fréier, iwwert den SUV an de Recycling, vu Verschwörungstheorien a bronge Gesellen, Dommheet an Nationalismus, bis zum alldeegleche Wansinn an der Famill an um Büro.

Alles, wat de Christian Kmiotek an eiser verwurrelter Welt zum Staune bréngt a wat eis all beweegt, gëtt op d’Schëpp geholl, mol bësseg, mol nodenklech. Heiansdo spréngt hien och aus der Këscht… an déi hien dach eigentlech Uerdnung brénge wollt.

Text & Spill Christian Kmiotek Kritesch Begleedung Frank Feitler Produktioun KULTURFABRIK
Buch zum Owend capybarabooks

On tour
16. & 18.03.23 KULTURFABRIK

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu