Spektakel

Um Stamminee

Eng musikalesch-satiresch Revue iwwert 1960er a 1970er Joren zu Lëtzebuerg aus dem Mond vum Pir Kremer!

 
© Pierre Weber

27.01.2021 | 19:30
28.01.2021 | 19:30
30.01.2021 | 19:30
31.01.2021 | 19:30

Ticket 36.0 €
RBS 24.0 €
Reduziert 12.0 €
Kulturpass 1.5 €

*** Wéinst der aktueller Ausgangsspär fänkt de Spektakel schonn um 19:30 un ! ***
 

 
Um Stamminee ass en Hommage un de Pir Kremer awer keng Biographie vum Auteur. Mat senge Stamminee- a Revue Texter, Lidder a Gedichter gëtt e Stéck Lëtzebuerger populär Ënnerhalungsgeschicht ausgegruewen, analyséiert an aus dem Bléck vun haut verständlech gemaach. Mir zeechnen e Gesellschaftsportrait duerch de Mond vum Satiriker!

FC Schinnegebess oder Ran an de Goal, Dem Tobby Säin Hobby an den Hunn Op Der Bunn, all dës beléifte Lidder verziele vun engem Liewensgefill, vun där neier Fräizäit an deene ville Veräiner, déi deemols entstane sinn. Bei äis doheem an der Familjen, Ech Sin Up-To-Date oder Ech brauch kee Mann besangen dat neit Fraebild a verspotten deem Léiwe Männchen seng Naupen. Am Lidd Et Ass Eriwer verzielt de Pir Kremer, wéi 1967 de Militärdéngst ofgeschaf gouf a mat der Ballade De Massaker op der neier Bréck hëlt hien d’Verkéiers-Situatioun beim Pole Nord op d’Schëpp. De Spektakel respektéiert dem Auteur seng Texter a Gedichter a sicht mat gesonder Distanz de Sound vun de 60er a 70er Joren artistesch a musikalesch anzefänken.


-

Well et sech bei dësen Opféierungen ëm e Report vu Mäerz 2020 handelt, gi prioritär déi Leit kontaktéiert déi schonn Ticket'en haten. Dofir ass et momentan net méiglech nei Ticket'en ze kafen. Merci fir Äert Versteessdemech.

Haat Dir Ticket'en kaaft - oder reservéiert an nach net bezuelt - an sidd nach net vun eis kontaktéiert ginn, dann meld Iech weg bei eis iwert T. 26 32 43 1 oder Mail: info@kulturhaus.lu.

KREATIOUN

Collage a Regie
Claude Mangen Text an Dramaturgie Sarah Rock Musikalesch Leedung an Arrangementer Georges Urwald Et sangen a spillen Jeff Elcheroth, Véronique Kinnen, Deborah Marinkovic, Rafael Parrinha PIK Band: Saxophon Georges Sadeler Trompett Gilles Burgund Kontrabass Tom Wiot Perkussioun Max Sauber Piano Georges Urwald Bühn Jeanny Kratochwil Kostümer Ulli Kremer Mask a Coiffuren Julie Asselborn Regieassistenz Daniel Kohnen Habilleuse Henriette Hengen Fotoen Pierre Weber Produktioun Mierscher Kulturhaus Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun RTL

On Tour
06.02.21 | Artikuss
12.02. - 14.02.21 | Escher Theater

RTL

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu