Spektakel

Wou ginn Elteren nuets hin

E Lauschterstéck baséiert op engem Text vum Claudine Muno
Openscreen asbl

 
k22
k22

13.03.2019 | 10:30
13.03.2019 | 19:00 | Tickets

 

Reservatioun
T. (+352) 47 08 95 1
M. info@luxembourgticket.lu

Free seating




Ticket 20.0 €
Reduzéiert 10.0 €
Kulturpass 1.5 €

 

Ech gesi wéi meng Mamm d’viischt Dier opmécht, obwuel kee geschellt huet. Si geet fir d’éischt eraus an da kënnt mäi Papp hir no, éier si d’Dier hannert sech zouzéien. An dann – dat Geräisch ass dat Schlëmmst iwwerhaapt – héieren ech wéi sech de Schlëssel vu baussen am Schlass dréint.

Loosst Iech an den Setz falen a lauschtert no. Mir huelen Iech mat op eng KlangRees duerch déi eng Nuecht, jo, genau déi, wou d’Elteren fort ginn. Sidd ganz Ouer, lauschtert d’Geschicht, verfollegt di sensibel Audio-Inzenéierung déi Live virun Iech entsteet. Kommt mat op eng skurril, fantastesch Rees duerch e gelunge kënnegen Universum mat frieme Bekannten an onbekannte Frënn. Kappkino geet duerch d’Ouer an d’Gehiir. Den Nolauschterer mécht et sech an sengem Setz bequem an ass fir déi nächst 75 Minutten säin eegenen Billermecher an Acteur, an enger fantastescher Geschicht déi duerch d’Nuecht feiert. Et ass alles Live, all Toun, all Wuert gëtt live op der Bu?hn gespillt. Mee déi Bu?hn kann een just erahnen, et spiert een Präsenzen, heiansdo gesäit een eng Beweegung mee d’Aan gëtt net gefiddert, d’Haaptsach leeft iwwert d’Ouer an de Kapp of. Eréischt ganz zum Schluss, wann d’Nuecht eriwwer ass, gesäit een wat een déi ganzen Zäit gehéiert huet, an d’Biller am Kapp stëmmen oft net mat der Realitéit iwwereneen.

Text Claudine Muno Erzielung Betsy Dentzer Mise en scène Dan Tanson Score Nataša Grujovic (Accordéon), Michel Feinen (Percussion & objets) Iddi & Produktioun Tanja Frank Produktioun Openscreen asbl Koproduktioun Centre Culturel Régional Dudelange op der schmelz, CNA – Centre national de l’audiovisuel Dudelange Mat der Ënnerstëtzung vun OEuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte, Ministère de la Culture, Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster

Dës Virstellung ass op fir Jonker (13+) an och fir Schoulen.
Reservatioun Schoulvirstellung:
T. (+352) 26 32 43 1 M. scolaires@kulturhaus.lu

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu