Spektakel

Um Stamminee *REPORTEIERT*

Fir dem Auteur säin 100. Gebuertsdag - e Réckbléck op Liewen a Wierk.
Mierscher Kulturhaus, Centre national de littérature, Centre national de l'audiovisuel, RTL

 
© Pierre Weber

13.12.2019 - 22.03.2020

13.12.2019 | 20:00
14.12.2019 | 20:00
27.12.2019 | 20:00
28.12.2019 | 20:00
29.12.2019 | 17:00
12.02.2020 | 20:00
13.02.2020 | 20:00
14.02.2020 | 20:00
17.03.2020 | 20:00
22.03.2020 | 17:00

SOLD OUT
18.03.2020 | 20:00
19.03.2020 | 20:00
20.03.2020 | 20:00

Ticket 36.0 €
RBS 24.0 €
12.0 €
Kulturpass 1.0 €

 
Um Stamminee ass en Hommage un de Pir Kremer awer keng Biographie vum Auteur. Mat senge Stamminee- a Revue Texter, Lidder a Gedichter gëtt e Stéck Lëtzebuerger populär Ënnerhalungsgeschicht ausgegruewen, analyséiert an aus dem Bléck vun haut verständlech gemaach. Mir zeechnen e Gesellschaftsportrait duerch de Mond vum Satiriker!

FC Schinnegebess oder Ran an de Goal, Dem Tobby Säin Hobby an den Hunn Op Der Bunn, all dës beléifte Lidder verziele vun engem Liewensgefill, vun där neier Fräizäit an deene ville Veräiner, déi deemols entstane sinn. Bei äis doheem an der Familjen, Ech Sin Up-To-Date oder Ech brauch kee Mann besangen dat neit Fraebild a verspotten deem Léiwe Männchen seng Naupen. Am Lidd Et Ass Eriwer verzielt de Pir Kremer, wéi 1967 de Militärdéngst ofgeschaf gouf a mat der Ballade De Massaker op der neier Bréck hëlt hien d’Verkéiers-Situatioun beim Pole Nord op d’Schëpp. De Spektakel respektéiert dem Auteur seng Texter a Gedichter a sicht mat gesonder Distanz de Sound vun de 60er a 70er Joren artistesch a musikalesch anzefänken.

Detailer zu de Virstellungen

Sa 21.09.19 | 20:00
Virum Spektakel Enn vum Joer, bréngt d’Equipe vum Mierscher
Kulturhaus de Pir Kremer dohinner, wou en higehéiert: op Käerch
op déi nei Schlassbühn. En Owend rondërem de Pir Kremer, säi
Wierk a seng Zäit. Weider Informatiounen op www.ksf.lu.

So 08.12.19 | 11:00 – Fräien Entrée
Aféierungsmatinée
Hei begéine sech Zuschauer a Kënschtler, virum Vernissage vun
der Ausstellung a virun der Première vun der Revue. Mir invitiéieren
de Publikum op eng éischt Visite Guidée, kucken hannert d’Kulissen,
an d’Garderoben a lauschteren enger musikalescher Prouf no.

Fr 14.02.20 | 22:30 – Fräien Entrée
No der Virstellung ass op Vältesdag am Bar vum Mierscher
Kulturhaus Lëtzebuerger Gesang an Danz ronderëm d’Léift!

***Dë 17.03.20 | RTL Film Opnam***
Mir wëllen eis Zuschauer drop opmierksam machen dat d'Virstellung vun RTL opgeholl a gefilmt gëtt.
Et ass also méiglech dat Dir op der enger oder anerer Szen ze erkenne wiert. Déi Opnamen déngen dem Archivage an der Diffusioun vum Spektakel.


Fr 20.03.20 | 22:30 – Fräien Entrée
No der leschter Virstellung heesche mer d’Fréijoer wëllkomm am
Bar vum Mierscher Kulturhaus mat Lëtzebuerger Gesang an Danz!



 

Creation

Collage a Regie Claude Mangen
Text an Dramaturgie Sarah Rock
Musikalesch Leedung an Arrangementer Georges Urwald
Regieassistenz Christophe Bleser

Et sangen a spillen
Jeff Elcheroth, Véronique Kinnen, Deborah Marinkovic, Rafael Parrinha
PIK Band
Saxophon Jessica Quintus Trompett Gilles Burgund Kontrabass Tom Wiot
Perkussioun Max Sauber Piano Georges Urwald

Bün Jeanny Kratochwil
Kostümer Ulli Kremer
Mask a Coiffuren Béa Stephany
Habilleuse  Henriette Hengen

Fotoen Pierre Weber

Produktioun Mierscher Kulturhaus
Mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vun RTL


RTL

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu