Spektakel

Versprach a Verschwat!

Kabaret Sténkdéier

 
© Kabaret Sténkdéier

14.11.2019 | 20:00 | Tickets
15.11.2019 | 20:00 | Tickets
16.11.2019 | 20:00 | Tickets
17.11.2019 | 17:00 | Tickets
www.luxembourgticket.lu

Ticket 20.0 €
Schüler / Student 10.0 €

 
Wien huet net schonn emol eppes versprach, wat en net gehal huet? Et esouguer versprach, obwuel hie ganz sécher wousst, dass hien et guer net hale kéint! An do denke mer net just un eis Politiker, mee u jiddereen: de Papp, dee sengem Bouf eppes versprécht, d’Fra hirem Mann, den Dokter sengem Patient an heiansdo versprécht een esouguer sech selwer eppes, wat een net anhale kann! Ganz séier mierke mer … et huet ee bal grad esou féx eppes versprach, wéi sech verschwat!

An op deem Wee riede sech vill Leit eraus: „Wann ech dat versprach hat, dann hat ech mech verschwat!“ Huet deejéinege sech verschwat oder gelunn? Oder huet ee sech verschwat fir ze léien? Wéi eng Katastrophe géingen iwwert eis erabriechen, wa mer net géingen verspriechen, wat mer duerno net halen? A virun allem, wat fir ee Chaos géing entstoen, wa mer eis Versprieche géingen halen?

Abee, de Kabaret Sténkdéier versprécht Iech heimat héich an helleg, datt Dir Iech net langweilt, an domat hu mir eis mat Sécherheet net verschwat!

Et spillen Conny Braquet, Claude Faber, Luc Schumacher an Irène Zeimes

Regie Roland Meyer
Musek Camille Nanquette
Texter Alain Adams, Roland Meyer
Regie Assistenz Bruna Meyer

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu