Concert

Wanterconcert *ANNULEIERT*

MierscherMusek

 
© Mierscher Musek

19.12.2020 | 20:00


Fräien Entrée

 

Leider ass de Concert ofgesoot.


Op Wonsch vum Christian Schockmel, huet d’Mierscher Musek sech mat grousser Freed bereet erkläert, hire Wanterconcert 2020, dem 5. Gebuertsdag vum Chocolate House zu Miersch ze widmen.

Fir dës 5 Joer gebührend ze feieren, krut de Maurizio Spiridigliozzi, Dirigent vun der Mierscher Musek, den Optrag eegens e Stéck ze komponéieren.

Och de Ricardo Vieira huet d’Invitatioun, dësen Owend mat senger Stëmm ze ënnermolen, mat Freed ugeholl. Nieft deene sëllege musikalesche Projeten a sengen Optrëtter an der Revue, kennen d’Mierscher Leit hie virun allem als Goldschmadd.

Am 1. Deel vum Wanterconcert 2020 heescht et duerfir: Mierscher Musek goes Chocolate.

De Jugendensembel an de groussen Orchester vun der Mierscher Musek presentéieren an deem Sënn Stécker ronderëm d’Thema Schockela. Nieft engem flotte musikalesche Programm dierf de Public sech dann och vun dem engen oder aneren séissen Highlight wärend a ronderëm de Concert iwwerrasche loossen.

Den 2. Deel vum Wanterconcert iwwerhëllt dann d’Harmonie Gemeng Mamer. Ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Stefan Weber wäerten déi ca. 60 Musikanten de Mierscher Public ze iwwerzeege wëssen.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu