Interview

Yannchen Hoffmann

All Zort vu Konscht muss mat Häerzblutt a Leidenschaft verbonne sinn

 
Yannchen Hoffmann © Edouard Olszewski

16.11.2021 - 31.07.2022

 

Yannchen, Äre neie Projet heescht Je suis comme je suis, ee Projet, deen no Liebe Triebe de franséische Chanson an de Mëttelpunkt setzt. Wéi eng Iddi, wéi eng Stëmmunge sinn Iech dobäi wichteg?
D’lescht Joer, wou all d’Concerten ausgefall sinn, hat ech Zäit a menge sëllegen Noutebicher ze stöberen a sinn op déi franséisch Chansons opmierksam ginn. Wat ech mech méi an dës Literatur erageschafft hunn, wat ech mech méi an déi Musek an Texter verléift hunn. Ech hu fonnt, dass de franséische Chanson zu Lëtzebuerg zu Onrecht vernoléissegt gëtt. Bei mengem Projet stinn all Zorte vu Fraen am Mëttelpunkt: Jidderee kann sech mat deem engen oder anere Personnage identifizéieren. Nieft de bekannte Chansons vum J. Gréco, Barbara, Piaf etc., stinn och méi onbekannt, awer dofir net manner interessant an deelweis witzeg Stécker um Programm, deen iwwregens och net nëmmen aus franséische Lidder besteet.

Dir schafft bei deem Projet mam Erny Delosch um Piano a mam Eugène Bozzetti um Akkordeon. Wéi gesäit déi Zesummenaarbecht aus?
Et ass einfach e Genoss mam Erny ze schaffen! Mir ergänzen eis herrlech op der Bün a sinn e gutt Team. Lo hu mer och nach den Eugène mat derbäi. E Wansinn!

Je suis comme je suis ass ee Chanson-Owend. Woura läit fir Iech als Sängerin den Ënnerscheed tëschent engem Chanson an enger Arie?
Bei enger Arie, also engem Lidd aus enger Oper oder Operett, ass d’Sängerin/de Sänger streng u Rhythmus, Melodie, Text a Personnage gebonnen. Beim Chanson huet ee musikalesch an thematesch vill méi Fräiheeten an doduerch ass dës Musek fir de Public méi liicht zougänglech. Déi zwou Sparte profitéieren awer enorm déi eng vun der anerer: De Chanson, wann e vun enger klassesch ausgebilter Sängerin/engem klassesch ausgebilte Sänger virgedroe gëtt, huet vill méi stëmmlech Ausdrocksméiglechkeeten. D’Arie profitéiert, wann se vun enger Sängerin/engem Sänger gesonge gëtt, déi/dee Chansonerfarungen huet, d.h. déi/dee net nëmme schéi sengt, mee och Wäert op Textverständlechkeet an Identifizéierung vu der Roll op der Bün leet.

Dacks gëtt tëschent der sougenannter E-Musek an U-Musek ënnerscheet an där enger en anere Stellewäert ugerechent wéi där anerer. Wéi ass Är Positioun als Sängerin an dëser Debatt?
Fir mech gëtt et keen Ënnerscheed wat de Stellewäert ugeet. Mäin éischt Gebot ass: Weder de Public nach d’Kënschtler.innen op der Bün däerfen sech langweilen! All Zort vu Konscht muss mat Häerzblutt a Leidenschaft verbonne sinn.

Dir gitt am Hierscht als Gesangsproff a Pensioun. Fänkt fir Iech domat e neit Kapitel un?
Am Fong fänkt fir mech kee neit Kapitel un, well ech vun 2004-2013 scho fräischaffend war an op internationale Büne stoung. An dann ass do de Carlo Hartmann, mat deem et och no 30 Joer Bestietnis nach ëmmer vill Spaass mécht zesummenzeschaffen. Ech hunn de Kapp voller Iddien a Pläng, sou dass ee Liewe knapps duergeet. Sollten sech nei Dieren opmaachen, sinn ech op kee Fall ze bremsen, fir nei Erausfuerderungen unzegoen.

Interview: Sarah Rock, Dramaturgin

Link zu den Chanson Owender "Je suis comme je suis" mam Yannchen Hoffmann, Erny Delosch & Eugène Bozzetti
Dë 14.12. / Më 15.12. / Dë 21.12. / Më 22.12. / Dë 28.12. / Më 29.12. /  Do 30.12.21

 

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu