D’Mina ass nuets rëm ënnerwee. De Mound steet um Himmel an d’Stäre blénken. Him fält op, datt et Stäre ginn, déi méi hell liichten a Stären, déi manner hell liichten. Hatt freet sech firwat dat esou ass. Hatt streckt sech, gräift no engem Stär an hëlt e bei sech. Et ass ee Stär, dee kaum fonkelt, mee just ganz liicht glënnert. Gutt dass d’Stärefra an de Mound dem Mina hëllefe fir d’Stäre rëm un d’Liichten ze kréien. An dësem Musekstheater fir Kanner vun 3 bis 6 Joer dierfen net just d’Stäre rëm méi hell liichten, mee och déi 3 Komponistinnen Elfrida Andrée, Mélanie Bonis an Julia Smith erstralen.
Alter 3 - 6 Joer (Crèche, Cycle 1) / Dauer 50 Min. / Sprooch Lëtzebuergesch + Däitsch Gebäerdesprooch
Spill Catherine Hengesch (Stärefra), Jenny Spielmann (Mina) & Lynn Menster (Mound) / Musek Trio Dora, Carole Mallinger-Leyers (Gei), Yves Tordy (Cello), Annalena Castagna (Piano) / Costumes & Décors Alexandra Lichtenberger / Technik & Luucht Steve Demuth / OEil extérieur Mirka Costanzi
Produktioun Mierscher Kulturhaus