Interview

Danielle Roster

D'Lëtzebuerger Museksgeschicht an hir Komponistinnen
Interview: Sarah Rock, Dramaturgin

 
© Mierscher Kulturhaus_Jeanine Unsen

09.09.2020 - 01.07.2021

 
Danielle, Dir sidd Musekologin an hutt iwwer Komponistinnen geschriwwen. An Dir këmmert Iech am CID Fraen an Gender ëm d’Kulturvermëttlung. Wat bedeit Är Formatioun fir d’Aufgaben am CID Fraen an Gender?
Op d’Thema Komponistinne sinn ech a mengem Studium zu Salzburg gestouss. Deemools goufen ëmmer méi Partiture vu Komponistinnen erëmfonnt a bei klenge Labelen agespillt. An de Virliesungen ass awer guer net iwwert Komponistinne geschwat ginn. Dat huet mech erausgefuerdert. Nach als Studentin gouf ech vun enger däitscher Musekszäitschrëft engagéiert, fir iwwert dëse Sujet ze schreiwen. Eng Rei vun den Artikelen hunn ech a Buchform erausginn, bei Ed. PHI, Insel Verlag, L’Harmattan. Am Kader vu menger Aarbecht am CID hunn ech e.a. d’Archiver vun de Komponistinnen zu Lëtzebuerg gegrënnt, an ëmmer méi och zu Komponistinne vun hei gefuerscht. Ech war frou, dass déi am Archiv gesammelte Musek och am Ausland op Interessi gestouss ass an et zu enger ganzer Rei vu Projete koum: Concerten, CD-, Buchpublikatiounen, universitäre Fuerschungsprojeten …

Virun allem hu Dir Iech mat der Komponistin Lou Koster beschäftegt. Wéi hunn d’Recherchen ugefaangen?
1997 hat ech eng éischt Fuerschungsaarbecht iwwert si geschriwwen a festgestallt, dass hir Nouten a biographesch Dokumenter bal all a Privatbesëtz waren. Meng Motivatioun war et, engersäits hir Partituren erëm zougänglech a spillbar ze maachen – duerch d’Grënnung vum Archiv Lou Koster am CID – an anerersäits hir Biografie opzeschaffen an se an de Kontext vun der wäitgoend onerfuerschter Museksgeschicht zu Lëtzebuerg ze setzen. Virun e puer Méint ass och mäi Buch Lou Koster – Komponieren in Luxemburg an der Rei Europäische Komponistinnen Band 10 am Böhlau Verlag erauskomm.

Si zielt zu den éischte Komponistinnen zu Lëtzebuerg, déi fir de Film Musek geschriwwen huet. Dat ass och an der Saison vum Mierscher Kulturhaus e Schwéierpunkt.
Jo, d’Lou Koster huet och zu den éischte professionelle Stommfilmmuseker zu Lëtzebuerg gehéiert. Si huet säit ca. 1908 a bis de Stommfilm vum Tounfilm ofgeléist gouf, am Kino gespillt, improviséiert, an och fir de Kino komponéiert. An dësem Owend erlieft de Public d’Atmosphär vun engem Stommfilmkino an den 1920er Joren mat historeschen a lëschtege lëtzebuergesche Filmer, ënnermoolt mat Live-Musek vum Lou Koster.

D’Lou Koster huet awer och Texter vum Schrëftsteller Nikolaus Welter vertount.
D’Lou Koster huet sech gäre vun Texter fir hir Musek inspiréiere gelooss. D’Vokalmusek hat e grousse Stellewäert bei hir an de Nikolaus Welter ass deen Dichter, deen si am meeschte vertount huet. Seng Gedichtbänn huet si am Rand mat musikalesche Notizze versinn, déi si spéider zu Wierker verschafft huet. Dëse Repertoire ass, wéi den Ensemble Onst Lidd net méi opgetratt ass, eng Zäit komplett aus dem Concertsrepertoire verschwonne gewiescht. Mir wëllen en erëm entdecken an den Themen nospieren, déi béid Kënschtler besonnesch inspiréiert hunn.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu