Interview

Georges Urwald

Artist / Museker am MKH während der Saison 19/20
Sange mécht Laun, geselleg a gesond!

 
© Veronique Kolber

01.07.2019 - 01.07.2020

 

Sange mécht Laun, geselleg a gesond!

Äert Liewen dréint sech zu groussen Deeler ëm een Thema:
Lëtzebuerger Lidder. Wouhier kënnt dës Passioun?

Am Chouer vu mengen Eltere sinn ech als Sänger a spéider als Pianist mam internationale Lidderrepertoire opgewuess. A menger Kandheet ass a Gesellschaft gesonge ginn. Wéi frou d’Leit dobäi ëmmer waren! Chrëschtdag huet de klenge Georges am Bistro virum Beemche gesongen. De Gesang ass eng staark mënschlech Ausdrocksform an d’Lidd en emotionale Späicher. Sange mécht Laun, geselleg a gesond. Lëtzebuergesch Liddtexter sinn ewéi kleng Kulturgeschichtstonnen. D’Erhalen an d’Schreiwe vu Lidder droen esou zu der kultureller Diversitéit bäi. Vill Lidder sinn an hirer thematescher a musikalescher Zäitlosegkeet a Schéinheet vun der Schnellliewegkeet iwwerrullt ginn. Si gehéieren dofir och am Joer 2019 nach zäitgeméiss interpretéiert. Oder ass d’’Heemechtslidd‘ iergendwou, onbewosst nach eng Grimmel identitéitsstëftend fir de Krichsenkel Georges Urwald?

Wann een iwwer Lëtzebuerger Lidder schwätzt kënnt een net laanscht den Auteur Pir Kremer. D’Mierscher Kulturhaus léisst hien duerch eng Revue nees opliewen, mat Iech als musikalesche Leeder. Wéi eng Roll spillt d’Musek a senge Revuen?

Den Auteur Pir Kremer a säin Haaptkomponist Jean-Pierre Kemmer waren eng reegelrecht Lidderfabrik! Gutt Revuemusek beräichert mat all hire Facetten: si transportéiert Texter, si erliichtert dem Interpret seng Duerstellung, si festegt de Kontakt tëschent Thema an Nolauschterer, si ’triggert‘ vertraute Situatiounen a verstäerkt ënnerschiddlechst Stëmmungen. Si irritéiert dacks bewosst a schwätzt Saachen aus, woufir et keng Wierder ginn, si erliichtert den Zougang a fërdert d’Memoriséieren an d’Erënneren. D’Musek ass e wichtege Verständnis- an Ënnerhalungsfaktor. An dat och iwwer d’Revue eraus.

Fir Chrëschtdag an d’Fuesent proposéiert Dir Klassiker, erëm entdeckte Lidder, Arrangementer an nei Kompositiounen. Wat ass Iech bei deene Concerten am wichtegsten?

Dat Wichtegst ass de Concert u sech, wou d’Lidd lieft an erlieft gëtt. Dëst Erliefnes besteet aus der Beliichtung vun de Lidder an hirem zäitleche Kontext, dem Reesen a vergaangen, geschichtlech spannend Epochen, der Opwäertung duerch opgefrëschten Interpretatiounen, dem Spaass un der Ausféierung, dem Froumaachen, dem Abezéie vun den Nolauschterer an dem Beméien, déi méi jonk Generatioune mat dësem, fir si méi ongewinnte Genre, ze erreechen.

Den Interview huet de Luc Boentges geféiert.

53, rue G.-D. Charlotte
L-7520 Mersch
Tél.: 26 32 43-1
info@kulturhaus.lu